Cyclocross Alzingen – 05.01.2020

(RTL.lu) Beim Cyclocross zu Hesper kënnt hannert dem Dias dos Santos de Scott Thiltges op déi 2. Plaz. Leschte Plaz um Podium ass fir de Raphaël Kockelmann.

De Cyclocross um Hesper Holleschbierg war déi leschte Course fir d’Coureure virun de Landesmeeschterschaften nächste Weekend zu Miersch. Gespaant huet een op déi 2 Favoritte Lex Reichling a Scott Thiltges gekuckt. Béid Cycliste konnte bis ewell 4 Victoire feieren.

Bei den Hären huet sech awer iwwerraschend de Vincent Dias dos Santos virun der staarker Konkurrenz duerchgesat. Op déi 2. Plaz fiert den Alzenger Scott Thiltges. Als beschten Espoir fiert op déi 3. Plaz de Raphaël Kockelmann. De Lex Reichling kënnt op eng enttäuschend 4. Plaz.

Bei den Dammen huet sech d’Marie Schreiber d’Victoire geséchert.

D’Course iwwer 13 Kilometer bei de Junioren huet den Tom Paquet gewonnen. Op d’Plazen 2 an 3 sinn de Mats Wenzel an de Alexandre Kess gefuer.

Bei de Masters war déi éischt Plaz fir de Christian Weyland virum Tom Flammang an dem Guillaume Schaeffler.

De Mathieu Kockelmann huet d’Course bei den Debutante virum Niels Michotte an dem Noa Berton gewonnen. Beschte Meedche bei de Dubantente war d’Liv Wenzel.

Hei sin Résultater vun den Tooltime-Coureuren:

47 coureurs au départ

1. Dias DOS SANTOS 52’49“
4. Lex REICHLING +0’16“
20. Jacques GLOESENER +5’13“
27. Maurice THILL +6’30“
29. Alec LANG +7’09“
34. Philippe GOESSENS à 1 tour
42. Tom HERMES à 2 tours

22 coureurs au départ

1. Christian WEYLAND 41’35“
22. Pascal FRANSISSI à 2 tours

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.