Cyclocross Cessange – 24.11.2019

(RTL.lu) No senger 2. Plaz de leschte Weekend konnt sech de Préizerdauler e Sonndeg zu Zéisseng virum Scott Thiltges behaapten.

De Lex Reichling huet e Sonndeg beim regionale Cyclocross zu Zéisseng d’Course bei der Elite gewonnen. De Préizerdauler hat um Enn eng Avance vun 8 Sekonnen op de Scott Thiltges an 20 Sekonnen op de Fransous Scott Thomas, deen éischten Espoir gëtt.

De Lëtzebuerger Champion Vincent dias Dos Santos ass als 4. op 23 Sekonnen iwwert de wäisse Stréch gefuer.

De Scott Thiltges bleift Leader am Skoda Cross Cup.

Bei den Debutante gouf et eng weider Victoire fir de Mathieu Kockelmann. De Keeler dominéiert jo schonn déi ganz Cyclocross-Saison. Um Podium stoungen nach den Noa Berton an de Mats Berns.

Déi beschten Damm war zu Zéisseng nees d’Marie Schreiber. Si huet sech virum Elise Maes an dem Nina Berton duerchgesat.

Hei sin Resultater vun den Tooltime Coureuren

47 coureurs au départ

1. Lex REICHLING 53’49“
15. Felix SCHREIBER +2’36“
25. Alec LANG +5’38“
32. Jacques GLOESENER à 1 tour
38. Philippe GOESSENS à 1 tour

 

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.