Cyclocross Préizerdaul – 08.12.2019

(RTL.lu) Lex Reichling feiert 3. Victoire hannerteneen
Um Sonndeg gouf am Préizerdaul eng Course vum national Championnat gefuer. De Podium gouf komplettéiert vum Loic Hennaux a Scott Thiltges.

Bei den Hären gouf et déi 3. Victoire hannerteneen fir de Lex Reichling (VV Tooltime) an dat op senger Heemstreck am Préizerdaul. Zweeten gëtt de Belsch Loïc Hennaux (Team Off Road Colnago) mat engem Retard vun 48 Sekonnen virum Scott Thiltges (LG Alzingen).

Leader am Skoda Cross Cup bleift de Scott Thiltges.

Bescht Damm gouf d’Marie Schreiber (CT Atertdaul) mat engem Virsprong vu 14 Sekonnen virum Elise Maes (Torelli Assure).

Bei de Junioren konnt sech de Mats Wenzel (CT Atertdaul) virum Tom Paquet (UC Dippach) an dem Arno Wallenborn (LP Schëffleng) duerchsetzen.

Bei den Debutante war op en Neits de Mathieu Kockelmann de Séiersten. Um Podium stoungen nach den Noa Berton an den David Lang.

Bei de Masters gewënnt de Mario Matijevic virum Raphael Pierron an dem Christian Weyland.

Hei sin d’Resultater vun all de Tooltime Coureuren :

39 coureurs au départ

1. Lex REICHLING 54’51“
8. Felix SCHREIBER +3’32“
20. Maurice THILL +7’23“
23. Jacques GLOESENER +8’07“
25. Philippe GOESSENS à 1 tour
29. Alec LANG à 1 tour
36. Tom HERMES à 2 tours

17 coureurs au départ

1. Mario MATIJEVIC 38’56“
17. Pascal FRANSISSI à 2 tours

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.