Cyclocross Schuller – 10.10.2020

(rtl.lu) E Samschdeg stoungen zu Schuller d’Crossen an d’VTT-Courssen a verschiddene Kategorien um Programm.

De positiven Trend vun den Aschreiwunge gouf et och bei deene Groussen. 48 Participanten ënnert hinne 14 Auslänner ware bei dësem Grand-Prix Gibbes Schmartz um Depart op dësem ganz schwéiere Circuit, deen d’Coureure 6 Mol gefuer sinn. Mat um Depart och de Cédric Pries, deen de leschte Sonnden zu Brouch 3. gouf.

Hien a séin Teamkolleeg Loïc Bettendorf hunn den Toun am 1. Drëttel vun der Course uginn. Séier ware si dës 2 Tier ugaangen. De Cédric Pries huet dës Efforte bei knapp hallwer Course bezuelt an huet misse lass loossen. Hie gëtt um Enn awer ganz gudde 5. 28 Sekonnen hannert dem Vainqueur a war um wäisse Stréch alles anescht wéi enttäuscht

De Lëtzebuerger Champion bei den Espoiren huet no déck hallwer Distanz säin Ufankstempo misse reduzéieren. Hie gouf du vum Thomas Verheyen iwwerholl, deen hie ganz séier distanzéiert huet. De Coureur vu Leopard Pro Cycling ass zu sengem Nodeel dunn och nach 2 Mol liicht gefall, esou dass hien am Sprint vun 2 Belsch ofgefaange gouf. Hie klasséiert sech als gudde 4. a war dee séiersten Espoir.

Den Thomas Verheyen ass déi 2. Hallschent vun dësem Cyclocross eleng un der Spëtzt gefuer an huet säi Virsprong ganz gutt geréiert. Matt 19 Sekonnen Avance ass de Belsch iwwer d’Arrivée gefuer. Als beschte Lëtzebuerger Elite klasséiert sech de Scott Thiltges vun Alzeng als 6. op 1 Minutt an 20 Sekonnen, iwwerdeems de Lëtzebuerger Champion Lex Reichling aus dem Préizerdaul net iwwert eng 13. Plaz erauskomm ass.

Hei sin Resultater vun de Tooltime-Coureuren:

45 coureurs au départ

1. Thomas VERHEYEN 50’06“
13. Lex REICHLING 53’56“
20. Felix SCHREIBER 56’59“
13. Alec LANG 57’44“

27 coureurs au départ

1. Mario MATIJEVIC 40’35“
27. Pascal FRANSISSI à 1 tours

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.