Skip to content
Site Tools
Narrow screen resolution Wide screen resolution Auto adjust screen size Increase font size Decrease font size Default font size default color blue color green color
Du bass hei: HOME
Samstegtraining den 4. Febuar
Geschrieben von Georges Thill   
Samstag, 7. Januar 2012

tip  Weens deene kaalen Temperaturen an eisege Wand ass den Training de Samsteg 4.2 op der Stross oofgesoot

 
Landesmeeschterschaften am Cyclocross
Geschrieben von Marc Faber   
Montag, 9. Januar 2012

Mir hunn erem ee neie Landesmeeschter, an zwar bei de Junioren.
Mir gratuléieren nach eemol op deser Plaz dem Sven Fritsch fir säi Championstitel, deen en sech endlech konnt huelen. 
Op deem selwechten Podium war awer och nach een vun Tooltime, an zwar den Alec Lang. Hien ass 3 ginn matt enger super Kurs.
Den Luc Turchi ass leider op déi ondankbar 4te Plaz gefuer. Schuet soss wier et ee schéine Podium ginn :-))) Seit 3 Joer fiert den Sven permanent op deenen éischten Plaatzen rondrëmer, mee dat Eenzegt wat em nach net gelongen ass, ass ee Championstitel.
Mee dëst Joër sollt et klappen. Hien ass eng super an technesch perfekt Kurs gefuer, wat op dësem Terrain och ausschlaggebend war. Et ware ganz schwiereg Konditiounen wou ganz vill Coureuren net eens gin sinn. Hei konnt just ee gewannen deen technesch einwandfrei fiert deen d'Rou behällt a konzentréiert bleift bis zur leschter Minute an natierlech och matt e bëssi Chance fir keen techneschen Defekt ze kréien. Super Sven !!!
Dann haate mer ee weideren Favorit bei den U23. Den Lex Reichling deen eng immens gutt Kurs gefuer ass ( déi bescht déi ech vun him gesinn hunn bis elo )awer leider net belount ginn ass. Hien ass vum Départ un op éischter Plaz gefuer an huet sech esou 3-4 Tier virun all deenen aaneren gehaalen, esouguer virun all den Elite Fuerer, matt bis zu 20 sec Virsprong. An der 3 leschter Ronn ass hien vun deenen 2 spéideren Gewënner Bausch an Helmig agefaangen ginn an hat nach 25 sec op den Pit Schlechter ( Leopard Trek ) Wat ass geschitt: an enger Descente ass hien gerutscht an den Changement ass him eweggebrach. Et waren nach +-500 Meter bis an den Parc fermée wou hien säin 2 Velo konnt entgéinthuelen. Hien ass dunn bis dohinner gelaf mee den Podium ass natierlech gelaf. Schuet fir den Lex, hien hätt et verdengt gehat well hien eng ganz Kurs den Tempo diktéiert huet, an awer net belount ginn ass. Mee dat ass eben Kurs.

Wat awer flott ass, ass dass mir mol secher 2 Coureuren bei der WM dobai hunn: den Sven Fritsch an den Lex Reichling !

Fier all déi aaner déi och gefuer sinn an net op den Podium komm sinn grousse Respekt (bei de Débutanten, Eric Gleis, Joe Wirtz, Yann Buijk, Larry Valvasori, an bei de Junioren, den Steve Redlinger, an bei den Espoirs den Laurent Reichling an den Eric Thill), well mir haaten d'Hänn voll zu Fuess weiderzekommen :-)

Op dëser Plaz eemol och ee grousse Merci un den Jeannot Kayser, ouni deen mir net do wieren wou eise Verain am Moment steet. Mir si net méi déi, wéi virun 5 Joër, déi just mattfueren fir dass méi Coureuren um Départ sinn. Matt senger onermittlecher Aarbecht am Jugendberäich wieren déi Podiumen net dran. Ech mengen den Lex an den Sven kënnen do mattschwätzen :-) Och dem Tom Steichen ee grousse Merci, hien trainéiert d'Jongen am Cyclo-Cross a gëtt hinnen seng Erfahrung weider, déi hien am Cyclo-Cross gesammelt huet.

 een Artikel aus der Press : Wort.lu  

 
Stage Palma de Mallorca 2012
Geschrieben von Jeannot Kayser   
Dienstag, 29. November 2011

D'Virberédungen fir eise traditionnelle Stage zu Palma de Mallorca, daat fir d'Saison 2012 sin am gaang.

Den Datum ass :  Sa 17.03 - So  01.04.2012  (2 Wochen). Mir fléien erëm vun Sarrebrëcken fort (11h25) an kommen och do erem un (13h40). All genau Détailer ginn nach vum Bureau de Voyage Unsen oofgeklärt.

Den Hotel ass wéi ëmmer den Hotel Riu Playa Park den zu Playa de Mallorca léit.  

Fir weider Détailer, ruft w.e.g. dem Jeannot Kayser un oder maach e Mail Diese E-Mail Adresse ist gegen Spam Bots geschützt, du musst Javascript aktivieren, damit du sie sehen kannst

 
<< Anfang < Vorherige 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 Nächste > Ende >>

Ergebnisse 1 - 11 von 123
Advertisement

Eis Sponsoren »

Tooltime Events 2012

25-26.08.2012 Festival Tooltime à Ell

28.10.2012 Cyclocross rég. Préizerdaul

Ëmfro »

T'Streck vum Tour 2012
 

Météo »

Das Wetter heute
Das Wetter morgen

Newsletter






Expand All Collapse All Show/Hide Menu

Training Log

Alle anzeigen

Login






Passwort vergessen?
Noch kein Benutzerkonto?
Registrieren

Visitor Counter

Haut74
Gëschter92
des Woch74
dese Mount561
Total198327

Wien as online?

Aktuell 1 Gast online

film izle film izle Turk porno izle Porno video izle Hisir Poset