Skip to content
Site Tools
Narrow screen resolution Wide screen resolution Auto adjust screen size Increase font size Decrease font size Default font size default color blue color green color
Du bass hei: HOME
Randonnée Télévie Feedback PDF Drucken E-Mail
Geschrieben von Mich Reding   
Dienstag, 27. April 2010

Televie ChequeEen décke Merci all deenen, déi haut bei eisem Velos-Tour duerch all (!) Gemengen vum Réidener Kanton derbäi waren, an duerfir gesuergt hunn, datt mir dem Televie konnten nomëttes een Don vun 770 EUR maachen.

Ongeféier 120 Leit waren moies bei herrlechem Summerwieder um Départ am Préizerdaul, dorënner och eisen Sportsminister, den Här Romain Schneider.

An wierklech verstännegem Tempo ass déi ganz Streck gefuer ginn, an sou munschereen huet haut de Moien puer nei kleng Weeër entdeckt. Och wann grad déi kleng Weeër munneschmol d'Ursach duerfir waren, datt dee grousse Grupp net ëmmer konnt ganz regelméisseg fueren (ettlech Kéieren, Tracteur, asw.). Mä wéi gesoot, et gouf jo verstänneg gefuer, a kuerz drop war ëmmer nees alles beieneen.

Zu Réiden war dann, wéi geplangt, den reichlechen Ravi an eng kleng Paus vun enger gudder halwer Stonn.

Eppes manner grouss war dunn de Grupp deen am 2. Deel an d'Bierger gefuer ass..... (OK, net jiddereen konnt/wollt quasi de ganzen Daag fir dëss Televie-Aktioun opferen).

An och hei hu mir et fäerdeg bruecht quasi den kompletten Peloton déi laang Montée rop vun Colpach bis op Flatzbour, an duerno och vun Arsdorf iwwer Heispelt bis op den Napoleonsgaart zesummen ze haalen.

Fir eng gudd Ambiance a vill Gespréich ënnerwee hunn natierlech dat schéint Wieder an dee flotten Terrain mat schéine Vue'en gesuergt.

Zum Schluss nach ee Patt an/oder eng Mettwurscht zu Réiden, an den Televie-Velos-Daag war (fir eis) gelaaf.

D'Photo'en sin och elo am Album ze fannen  

 
< Zurück   Weiter >
Advertisement

Eis Sponsoren »

Ëmfro »

Dest Joer sin di zwéin Gebridder Schleck an der Vuelta!
 

Météo »

Das Wetter heute
Das Wetter morgen

Tooltime Events 2010

24.04.2010 Randonnée route TELEVIE, 10h Fabrik  

28-29.08.2010 Festival Tooltime à Ell

31.10.2010 Cyclocross Préizerdaul

09.01.2011 Championnats nat. Cyclocross Préizerdaul

Newsletter






Expand All Collapse All Show/Hide Menu

Training Log

Alle anzeigen

Login






Passwort vergessen?
Noch kein Benutzerkonto?
Registrieren

Visitor Counter

Haut82
Gëschter116
des Woch500
dese Mount1103
Total134203

Wien as online?

Aktuell 7 Gäste online