Skip to content
Site Tools
Narrow screen resolution Wide screen resolution Auto adjust screen size Increase font size Decrease font size Default font size default color blue color green color
Du bass hei: HOME arrow News Center arrow Latest arrow Championnat route Alzingen
Championnat route Alzingen PDF Drucken E-Mail
Geschrieben von Administrator   
Sonntag, 27. Juni 2010

No engem gudden eischten Daag beim CLM bei de nationale Championater, wou mir mam Gilles Hymes eng excellent 3. Plaatz bei de Junioren, an eng 4. Plaatz mam Monique Ludovicy gemaach hunn ass et Samsteg bei den Debutanten weider gaangen, wou de Steve Redlinger eng super 2. Plaatz gefuer huet. Laurence a Steve mam Trainer Nömmen e puer Zentimeter hunn gefehlt fir eng eischte Plaatz, déi un de Ken Bolz vun Dippach gangen ass. Déi 5. Plaatz ass un de Sven Fritsch gaangen.

Bei de Debutantes ass d'Laurence Thill daat eischt ginn an därf elo eng Saison am roud-weiss-bloen Trikot fueren. Am Sprint huet hat sech géint d'Alessia Merten vun Dippach durechgesaat Podium Debutants.

Bei de Cadets huet den Eric Gleis déi 7. Plaatz gemaach. Bei de Minimes huet d'Jenny Georges och de Podium gemaach (3. Plaatz) an mam Felix Schreiber sinn mir de 6. bei de Jonge ginn.

Sonndes war et dun un de Junioren wou de Gilles Heymes eng excellent Course gefuer ass. Hien ass op déi 4. Plaatz gefuer. Hien huet knapp de Podium (Bob Jungels, Alex Kirsch, Jérôme Theis) verpasst. Bei der Course vun der Elites ouni Vertrag huet de Jérôme Juncker an super Course gemaach a war zum Schluss nach am Peloton deen fir déi 2. Plaatz gesprint hunn. Zu gudder Lescht ass de Jérôme excellente 9. ginn. 

Am ganzen war dës Champonnat e volle Succes fir den Tooltime. All eis Coureuren hunn op desem wichtegen Event voll iwerzeecht an d'Podiumsplaatzen sinn schon ball keng Ausnahmen méi. Matt eis muss elo gerechent ginn. Weider esou ! 

 
< Zurück   Weiter >
Expand All Collapse All Show/Hide Menu

Training Log

Alle anzeigen

Login






Passwort vergessen?
Noch kein Benutzerkonto?
Registrieren

Wien as online?

Aktuell 12 Gäste online