Skip to content
Site Tools
Narrow screen resolution Wide screen resolution Auto adjust screen size Increase font size Decrease font size Default font size default color blue color green color
Du bass hei: HOME
Championnat Cyclocross Dippach
Geschrieben von Marc Faber   
Montag, 12. Januar 2009

Bei den Débutanten ass den Gleis Ralph; Fritsch Sven a Kuffer Michel un den Start gaangen.
No halwer Kurs wou den Gleis Ralph an den Fritsch Sven relatif no beieneen luchen krut den Ralph Probleemer mam Velo an ass zréckgefall. Hien huet sech erem erugekämpft bis en erem beim Sven war an du gläich dropp ass deem d'Ketten erofgefall. Den Ralph ass op eng ganz gutt 4 Plaatz gefuer, den Sven ass durch technesch Probleemer op déi 9ten Plaatz zreckgefall an net op där 5 Plaatz geland, déi hien bis dohinner hat. Den Michel ass eng ganz bestänneg Kurs gefuer an huet sech gutt verkaf. Et muss een hei soen dass den Cyclo-Cross net säin Haaptobjektif ass.

Bei den Junioren, wou déi Gebridder Reichling un den Départ gaangen sinn ass et helleweg gaangen vum Départ un. Den Bob Jungels huet sech relatif séier konnnen ofsetzten an den Lex ass mam Kevin Feiereisen zesummen 2-3 Tier gefuer wou hien sech och eemol konnt fir e puer Meter ofsetzen. Nodeem den Kevin sech awer erem erugekämpft huet ass den Lex dunn am 2 leschten Tour gefall an den Kevin huet sech dovunner gemaach. Den Lex huet probéiert den Kevin eremzekréien wat him awer net gelongen ass an och nach fir den Alex Kirsch op Distanz ze haalen fir séng secher 3 Plaatz ze behaalen mee deen ass awer dunn erukomm, an huet hien nach op der Ligne d'arrivée gepackt. Schuet mee esou ass Cross. Den Laurent huet eng ganz gutt Kurs gemaach an fir dat 2 Joer wou déi 2 fueren ass dat méi wéi OK!!

Dippach_Podium_2009Bei der Elite ass den Jérôme Junker; Silverio Marc; Paulo Gonzalves a Pepin Nico un den Start gaangen.
Beim Départ ass den Pit Schlechter direkt fortgelaf mee den Paack huet net direkt reagéiert well hien jo Espoir ass. Duerno ass versicht gin den Paack méi kléng ze maachen an et ass permanent attakéiert ginn bis sech ee Grupp gebild hat. Do war den Jérôme och dran matt Bausch; Flammang; Wolter etc… Et war ee Grupp vun ongeféier 10 Leit. Den Jérôme huet probéiert den Bausch am Aa ze haalen fir ze kucken wat hien wëlles hätt. Am 3 Tour ass hien dunn durch den Laterza zu Fall komm deen och virun him gefall ass. Wou den Paack dat gemierkt huet si si natierlech fir attakéieren gaangen sou dass den Jérôme 3 Tier praktesch aléng gefuer ass a probéiert huet fir op den Claude Wolter erunzekommen, deen bis dohinner op der 3 Plaatz bei der Elite luch. Am 4 Tour ass den Wolter dunn ausgerutscht an huet ee Poto matt eweggeholl. Dodurch ass säi Suedel gebrach an huet missen zrecklaafen an den Parc fermé an huet een aaneren Velo krut. Kurz no deser Chute op 50 Meter ass dunn och den Flammang an den Bausch getrollt. Mir hunn den Jérôme motivéiert an him gejaut dass dee fieschte Grupp gefall ass. Hien huet gekämpft an et ass him och dun am 7 Tour gelongen un den Wolter erunzekommen an hien huet den Tempo am biergof emmer verschärft sou dass den Claude Wolter an den techneschen Deeler emmer e bëssen Terrain verluer huet. Am Deel op der Strooss ass den Wolter dunn emmer erem erukomm an huet direkt attakéiert wou den Jérôme dann emmer Krämpess hat fir bäizebleiwen. Am leschten Tour huet ee gesinn dass den Wolter elle gelidden hat an den Jérôme huet hien dun nach 2mol attakéiert. Den Claude Wolter konnt do näischt méi entgéintsetzen an huet sech misse geschloe ginn. Den Jérôme huet no enger genial gudder a bestänneger Cyclo-Cross endlech deen Louen krut deen hien verdengt hat. Eng super 3 Plaatz an domadder deen éischten PODIUM bei enger Championnat fir den Préizerdaul ass erausgesprongen.

Den Pepin Nico ass den 3 Tour erausgeholl ginn well den Schlechter a Bausch hien iwwerronnt haaten. Den Marc Silverio ass och erausgeholl ginn awer eréischt bei 40 Minuten. Den Paulo deen sech ganz gutt aus der Affäire gezunn huet ass op eng ganz gutt 14 Plaatz komm.     

 
Dat hei ass eng Kurzfassung vun enger intressanter Championnat 2009 (Photo'en sin am Photosalbum ze fannen)

 
Weltmeesterschaft Cyclocross
Geschrieben von Administrator   
Donnerstag, 30. Oktober 2008
Den 31.01-01.02.2009 ass zu Hoggerheide (NL) d'Weltmeeschterschaft vum Cyclocross. Mir wollten eventuel e Bus bei Voyages Unsen charteren fir daat kucken ze goen. Den Depart ass Samsteg moies 31.01, an den Retour ass de aaneren Daag, mat ënger Iwwernuechtung an engem 4**** Hotel (Hampshired Trevium) zu Etten-Leur waat ca 35km vun der Cyclocross-Strëck ass. De Préis fir den Hotel + Hin- a Reckrees ass 124€ op de Kapp. Jidderen den Interesse huet, oder wéider Informatiounen brauch, soll sech bis spéitstens den 25. November beim Marc oder beim Jeannot mëllen.
 
<< Anfang < Vorherige 1 2 3 4 5 6 7 Nächste > Ende >>

Ergebnisse 23 - 32 von 64
Advertisement

Eis Sponsoren »

Ëmfro »

Dest Joer sin di zwéin Gebridder Schleck an der Vuelta!
 

Météo »

Das Wetter heute
Das Wetter morgen

Tooltime Events 2010

24.04.2010 Randonnée route TELEVIE, 10h Fabrik  

28-29.08.2010 Festival Tooltime à Ell

31.10.2010 Cyclocross Préizerdaul

09.01.2011 Championnats nat. Cyclocross Préizerdaul

Newsletter






Expand All Collapse All Show/Hide Menu

Training Log

Alle anzeigen

Login






Passwort vergessen?
Noch kein Benutzerkonto?
Registrieren

Visitor Counter

Haut14
Gëschter155
des Woch169
dese Mount772
Total133872

Wien as online?

Aktuell 17 Gäste online