Cyclocross Mamer – 01.12.2019

(RTL.lu) Lex Reichling setzt sech zu Mamer duerch
Zweete gouf de Scott Thiltges virum Victor Thomas aus Frankräich.

Bei der Elite konnt sech de Lex Reichling d’Victoire beim regionale Cyclocross zu Mamer sécheren. De Coureur vum VV Tooltime hat um Enn 17. Sekonnen Avance op de Scott Thiltges. Drëtte gouf de Victor Thomas aus Frankräich. De Vincent Dias Dos Santos, dee sech esouwuel 2017 ewéi och 2018 d’Victoire séchere konnt, koum um Enn op déi 7. Plaz.
De Raphaël Kockelmann war als 5. beschte Lëtzebuerger Espoir, Séiersten Damm war d’Marie Schreiber.

Hei sin Resultater vun den Tooltime-Coureuren :

36 coureurs au départ

1. Lex REICHLING 51’09“
23. Alec LANG à 1 tour
30. Philippe GOESSENS à 1 tour
32. Jacques GLOESENER à 1 tour
35. Tom HERMES à 2 tours
ab. Maurice THILL

26 coureurs au départ

1. Christian WEYLAND 47’43“
22. Pascal FRANSISSI à 2 tours

Cyclocross Cessange – 24.11.2019

(RTL.lu) No senger 2. Plaz de leschte Weekend konnt sech de Préizerdauler e Sonndeg zu Zéisseng virum Scott Thiltges behaapten.

De Lex Reichling huet e Sonndeg beim regionale Cyclocross zu Zéisseng d’Course bei der Elite gewonnen. De Préizerdauler hat um Enn eng Avance vun 8 Sekonnen op de Scott Thiltges an 20 Sekonnen op de Fransous Scott Thomas, deen éischten Espoir gëtt.

De Lëtzebuerger Champion Vincent dias Dos Santos ass als 4. op 23 Sekonnen iwwert de wäisse Stréch gefuer.

De Scott Thiltges bleift Leader am Skoda Cross Cup.

Bei den Debutante gouf et eng weider Victoire fir de Mathieu Kockelmann. De Keeler dominéiert jo schonn déi ganz Cyclocross-Saison. Um Podium stoungen nach den Noa Berton an de Mats Berns.

Déi beschten Damm war zu Zéisseng nees d’Marie Schreiber. Si huet sech virum Elise Maes an dem Nina Berton duerchgesat.

Hei sin Resultater vun den Tooltime Coureuren

47 coureurs au départ

1. Lex REICHLING 53’49“
15. Felix SCHREIBER +2’36“
25. Alec LANG +5’38“
32. Jacques GLOESENER à 1 tour
38. Philippe GOESSENS à 1 tour

 

Cyclocross Belvaux – 17.11.2019

(RTL.lu) Um Sonndeg gouf de regionale Cyclocross zu Bieles gefuer an dëse gouf vum Vincent Dias dos Santos virum Lex Reichling an dem Scott Thiltges.

Beschten Damm gouf d’Nina Bertand.

Séierste Junior gëtt de Mats Wenzel a bei den Débutants gewënnt de Noah Bertand. Bescht Débutants-Damm gëtt d’Liv Wenzel.

>>Video<< op RTL.lu mam Interview vum Tom Hermes.

Hei sin Resultater vun den Tooltime-Coureuren :

33 coureurs au départ

1. Vincent DIAS DOS SANTOS 51’36“
2. Lex REICHLING 51’44“
13. Maurice THILL 56’01“
16. Alec LANG 57’01“
26. Philippe GOESSENS à 1 tour
32. Tom HERMES à 1 tour

21 coureurs au départ

1. Fréderic LIEBAUT 41’57“
21. Pascal FRANSISSI à 1 tour

Cyclocross Dommeldange – 10.11.2019

(RTL.lu) E Sonndeg gouf zu Dummeldeng déi 3. Manche vum Skoda Cross Cup gefuer.

De Scott Thiltges war e Sonndeg beim Regionale Cyclocross zu Dummeldeng dee Stäerksten. De Lëtzebuerger huet sech mat engem Virsprong vun 11 Sekonne virum Fransous Hugo Boulanger duerchgesat. Um Podium stoung mam Arthur Liardet e weidere Fransous. De Lëtzebuerger Champion Vincent Dias Dos Santos ass de 4. op 38 Sekonne ginn.

No 2011 heescht de Gewënner domadder zu Dummeldeng eng éischte Kéier net méi Vincent dias Dos Santos.
Bei den Dammen huet d’Marie Schreiber virum Elise Maes an dem Laetitia Maus gewonnen.
Arno Wallenborn heescht de Gewënner bei de Junioren.
Bei den Debutante war um Sonndeg de Mathieu Kockelmann de Beschten.

Hei sin Resultater vun den Tooltime-Coureuren :

41 coureurs au départ

1. Scott THILTGES 54’41“
6. Lex REICHLING 55’35“
13. Felix SCHREIBER 58’22“
18. Maurice THILL 59’10“
22. Alec LANG 61’51“
30. Philippe GOESSENS à 1 tour ou plus
38. Tom HERMES à 1 tour ou plus

Cyclocross Tétange – 03.11.2019

(RTL.lu) Beim regionale Cyclocross zu Téiteng goungen d’Coureuren um Sonndeg bei naasse Wiederkonditiounen op de Parcours. Den extrem déiwen Terrain huet de Coureuren alles ofverlaangt.

Bei der Elite konnt sech de Scott Thiltges vun Alzeng virum Vincent Dias dos Santos vun Téiteng op Plaz 2 an dem Aymerick Barthel op Positioun 3 behaapten. De Fransous war gläichzäiteg de Gewënner bei den Espoiren.

Laetitia Maus heescht d’Gewënnerin bei den Dammen.

Séierste Junior war den Arno Wallenborn a bei den Debutanten war de Gewënner de Mathieu Kockelmann.

Hei si d’Resultater vun den Tootime-Coureuren:

31 coureurs au départ

1. Scott THILTGES 54’02“
4. Lex REICHLING +1’23“
14. Maurice THILL +6’24“
16. Alec LANG +8’15“
20. Philippe GOESSENS à 1 tour
29. Tom HERMES à 2 tours

Cyclocross int. Contern – 27.10.2019

(RTL.lu) Aerts wënnt, Thiltges gëtt de beschte Lëtzebuerg

Bei der Elite konnt sech den Thijs Aerts no 10 Ronnen duerchsetzen. De Belsch, deee vum 3. Tour un eleng un der Spëtzt loung an hat um Enn eng Avance vu 34 Sekonnen op de Joshua Dubau (Fransous). Um Podium stoung nach den Andreas Goerman aus der Belsch. Beschte Lëtzebuerger gouf de Scott Thiltges als 20. Hien hat ee Retard vun 3 Minutten a 36 Sekonnen op de Vainqueur.

Shirin van Anrooij heescht d‘Gewënnerin vun der internationaler Dammecourse. Déi 17 Joer jonk Hollännerin hat sech direkt nom Depart vun der Course un d‘Spëtzt gesat an ass do eng souverän Course gefuer.Mat engem Retard vun 1 Minutt a 24 Sekonnen ass d’Weltmeeschterin vun 2016, d‘Thalita de Jong déi 2. ginn.

Bescht Lëtzebuergerin gouf d’Marie Schreiber als 7. a soumat ass si och déi Éischten am Skoda Cross Cup.

Bei de Juniore war d’Course um Sonndeg fest a franséischer Hand. Als Éischten ass den Noé Castille iwwert de wäisse Stréch gefuer. Hien hat e Virsprong vun 23 respektiv 26 Sekonnen op den Ugo Ananie an de Pierrick Burnet. Beschte Lëtzebuerger war de Mats Wenzel als 11ten, hie bleift Leader am Skoda Cross Cup.

De Mathieu Kockelmann huet sech och beim 5. Cyclocross vun dëser Saison hei am Land bei den Debutanten d’Victoire geséchert. De Lëtzebuerger Champion hat e Virsprong vun iwwer 2 Minutten op de Mats Berns an den Noa Berton.

Bescht Meedche war d’Liv Wenzel virum Margot Marasco (Fr) an dem Anouk Schmitz. No der 2. Manche vum Skoda Cross Cup leien de Mathieu Kockelmann an d’Liv Wenzel a Féierung.

Hei sin Resultater vun den Tooltime-Coureuren :

73 coureurs au départ

1. Thyis AERTS 1.05’39“
24. Lex REICHLING +4’17“ (2. Letzeboier)
37. Felix SCHREIBER à 2 tours
67. Alec LANG à 7 tours

1 2 3 4 5 6 33