Cyclocross Rumelange – 20.10.2019

(RTL.lu) Keng Chance fir d’Lëtzebuerger bei Victoire vum Loïc Hennaux
Bei richtegem Cyclocross Wieder ass e Sonndeg zu Rëmeleng déi éischt Manche vum Skoda Cross Cup gefuer ginn.

Bei der Elite war de Loïc Hennaux e Sonndeg fir d’Lëtzebuerger Cyclocross-Fuerer ze staark. De Belsch huet zu Rëmeleng déi 1. Manche vum Skoda Cross Cup an dëser Saison gewonnen. Op d’Plazen zwee an dräi sinn de Fransous Victor Thomas an de Lëtzebuerger Scott Thiltges gefuer. Den Hennaux war d’lescht Joer deen Zweeten am Skoda Cross Cup ginn.

De Lëtzebuerger Champion Vincent Dias Dos Santos an den Tristan Parrotta haten direkt am Ufank vun der Course e Platten, doduerch hate si näischt méi mam Ausgang vun der Course ze dinn. Fir den Dias Dos Santos war et um Enn déi 13. Plaz a fir de Parrotta déi 10.
Bei de Junioren huet de Mats Wenzel sech d’Victoire geséchert. Um Podium stoungen nach de Belsch Geoffrey Rausch an de Lëtzebuerger Alexandre Kess.

Mathieu Kockelmann heescht de Gewënner bei den Debutanten. Hien huet sech virum Noa Berton an dem Mil Morang duerchgesat.

Bei den Damme war d’Marie Schreiber virum Elise Maes an dem Nina Berton déi Stäerkst.
De Raphael Pierron war de Beschte bei de Masters. Dat virum Mario Matijevic an dem Guillaume Schaeffler. Als 4. war de Serge Bertemes dee beschte Lëtzebuerger.

Resultater vun den Tooltime Coureuren:

38 coureurs au départ

1. Loic HENNEUX 56’13“
11. Lex REICHLING 59’29“
12. Jacques GLOESENER 59’35“
16. Felix SCHREIBER 01:00’59“
23. Maurice THILL 01:02’35“
26. Philippe GOESSENS à 1 tour
33. Tom HERMES à 2 tours
ab. Alec LANG

Cyclocross Kayl – 11.10.2019

(RTL.lu) Scott Thiltges wënnt mat iwwer 1 Minutt Avance zu Keel
Den 2. gouf iwwerdeems de Lex Reichling an den Tristan Parrotta war krank – hien ass deemno net un den Depart gaangen.
E Samschdeg gouf zu Keel déi 3. Course vun der nach neier Cyclocross-Saison gefuer. Nodeems den Tristan Parrotta déi zwee viregt Weekender zu Bruch respektiv zu Miersch erfollegräich konnt gestallten, war dësen e Samschdeg awer net um Depart – e war krank.
Um Enn konnt sech de Scott Thiltges op iwwer 1 Minutt virun der Konkurrenz bei der Elite behaapten. Op de Podium koum iwwerdeems nach de Lex Reichling als 2.

Hei sin Resultater vun den Tooltime Coureuren

28 coureurs au départ

1. Scott THILTGES 48’33“
2. Lex REICHLING +00’45“
10. Maurice THILL +04’02“
12. Alec LANG +04’26“
14. Jacques GLOESENER +05’37“
ab. Tom HERMES

Cyclocross Mersch – 05.10.2019

(RTL.lu) Zu Miersch hat den Dippecher Veräin e Samschdeg e regionale Cyclocross organiséiert. Dat op dem nämmlechte Parcours, op deem den 11. Januar och déi national Meeschterschafte gefuer sinn. Bei der Espoirs/Elite-Course konnt sech den Tristan Parotta am Sprint virum Scott Thiltges duerchsetzen. Op die 3. Plaz koum de Belsch Loic Hennaux.

Bei den Juniore war den Tom Paquet dee Séiersten a bei den Debutante war den Mathieu Kockelmann dee Beschten. D’Nina Berton war déi séiersten Damm.

Hei sin d’Resulter vun den Tooltime-Coureuren:

37 coureurs au départ

1. Tristan PARROTTA 51’18“
8. Lex REICHLING +02’32“
9. Felix SCHREIBER +02’41“
13. Maurice THILL +04’20“
21. Alec LANG à 1 tour
27. Philippe GOESSENS à 1 tour

Cyclocross Brouch – 29.09.2019

(RTL.lu) Um Sonndeg war den Optakt vun der neier Saison am Cyclocross zu Brouch. Op d’Plazen zwee an dräi sinn de Belsch Loïc Hennaux an de Scott Thiltges gefuer. 

Mat ënner anerem Reichling, Thiltges an Hennaux waren direkt e puer Leit um Depart, déi fir d’Victoire an Fro komm sinn. Och de jonken Tristan Parrotta, dee sech déi lescht Woch schonn a gudder Form presentéiert hat, misst een op der Rechnung hunn.

De beschte Start an d’Course hat de Scott Thilgtes an hie konnt direkt am Ufank d’Féierung iwwerhuelen.

Thiltges, Reichling, Hennaux sou ass et duerch déi 2 éischt Tier gaangen. Zu dësem Moment konnt sech de Parrotta, dee méi weit hanne gestart war, Positioun fir Positioun no vir kämpfen.

Am drëtten Tour huet sech den Lex Reichling kuerz un d’Spëtzt gesat, dat virum engem ganz staarken Tristan Parrotta an dem Scott Thiltges. Nëmmen een Tour méi spéit huet de 20 Joer ale Coureur vun der UC Dippech seng Géigner hannert sech gelooss a vun deem Moment un d’Course ugefouert, woubäi de Lex Reichling bis op déi 3. Platz zeréckgefall ass. Dat virun allem well hie sech op dem technesch immens schwéiere Parcours net richteg zurecht fonnt huet.

Un der Spëtzt konnt den Tristan Parrotta seng Avance Tour fir Tour ausbauen. 2 Tier viru Schluss war de Virsprong souguer op iwwer 20 Sekonne geklommen.

Dëse konnt hien op eng impressionnant Manéier souguer nach bis op 36 Sekonnen ausbauen a sou gewënnt hie verdéngt dësen éischten offizielle Cross vun der Saison. Hannert him kommen de Loïc Hennaux op déi zweete Platz an de Scott Thiltges komplettéiert de Podium.

Hei d’Resultater vun den Tooltime Coureuren: 

33 coureurs au départ

1. Tristan PARROTTA 49’28“
4. Lex REICHLING 50’46“
7. Felix SCHREIBER 52’20“
17. Maurice THILL 55’34“
23. Alec LANG à 1 tour

UrbanCross Reckange – 21.09.2019

(RTL.lu) Den 29.09 fänkt d’Cyclo-Cross-Championnat un an am Virfeld gouf zu Reckeng fir den Optakt een Night Cross duerch d’Duerf organiséiert. 

Ee Cross matten am Duerf an dat owes – eppes ganz Spezielles. Dës Formule gesäit een an der lescht ëmmer méi dacks a verschiddene Länner, elo huet och de Lëtzebuerger Vëlossport esou een Event.

D’Coureuren hu sech op deem technesche Parcours net geschount an an der Course vun den Espoir/Elite sinn déi vill Spectateuren op hir Käschte komm. Ufanks hat sech ee Grupp mat ënner anerem dem Champion Vincent Dias dos Santos, dem Alzenger Scott Thiltges an dem Espoir-Coureur Tristan Parotta ofgesat.

D’Positiounen hunn am Laf vun der Course permanent geännert an op dem Circuit gouf et nëmme ganz wéineg Plazen, wou een d’Méiglechkeet hat, ze iwwerhuelen. Den Tristan Pattoa an de Scott Thiltges hunn et am Laf vun den Tier ëmmer erëm fäerdegbruecht den dos Santos e puer Sekonnen ofzeknäppen. Den Téitenger huet déi Lächer awer ëmmer nees zougefuer – och fir de Parcours-Designer Claude Michely awer den éischten Test gutt.

Am leschten Tour war d’Spannung um absoluten Héichpunkt, ma de Lëtzebuerger Champion huet seng ganz Routine ausgespillt a war den entscheedenden Ament un 1. Positioun, fir bis op d’Ligne d’Arrivée näischt méi ubrennen ze loossen.

Alles an allem war et e ganz flotten Owend zu Reckeng mat begeeschterte Cyclisten a Spectateuren. Eng interessant Formule fir d’Zukunft vun där d’Vëlosfederatioun an de Lëtzebuerger Vëlossport nëmme profitéiere kann.

Hei Platzeierung vun den Tooltime Coureuren :

20 coureurs au départ

1. Vincent DIAS DOS SANTOS 52’32“
4. Lex REICHLING 54’21“
7. Maurice THILL 56’40“
14. Philippe GOESSENS (à 1 tour)

1 3 4 5 6 7 33