LASEL MTB Championnat – Resultat
E gutt Resultat bei dem LSAEL Championnat hun mir aus Tooltime-Sicht gemaach:
Bei de Minimes ( Cadets um Stroosevelo) bei de Jongen ass den Philippe Reuter den 1. gin. Eng 2. Plaatz war fir den Mats Wenzel. Bei de Meedercher war Marie Schreiber net ze schloen an huet gewonnen. Bei de Junioren/Seniors ass den Sam Prickaerts de 4. gin.
