Landesmeisterschaften U15 Saarland, Hessen, Rheinland Pfalz
Stage Tooltime Fréjus – 8-15 Abrëll 2017
Den VV Tooltime huet an der Ouschtervakanz (08-15 Abrëll 2017) e Stage zu Fréjus organiséiert. Zesummen mam Velo Wooltz sin mir Freides owes mat engem groussen Bus vum Voyages UNSEN mat Velosunhänger op d’Côte d’Azur gefuer. Moies sin mir plus ou moins gudd ausgerascht bei guddem Wieder beim Hotel ukomm. D’Zemmeren waren prett an no e bessen Verhandelen, kruten mir der nach 3 méih vir dass och jidfereen Plaatz hätt.
Mettes war och schon déi éischt Trainingssortie wou d’Traineren festgestallt hun dass vill Verkéier zu Fréjus wär an, dass d’Gruppen onbedengt kleng gehalen missten gin. Samstes Owes hun eis 20 Minimes, Cadets, Debutants sech op de Fusssballs-Terrain gestierzt. Nodeem déi fransésisch Coureuren déi och do am Stage waren, hinnen de Ball an der Donkelheet geklaut haten, huet de Kevin d’Saach missten an d’Hand huelen an de Ball zereckeroberen. Sondes as an 4 verschiddenen Gruppen zolitt Velo gefuer gin, an dono Paris-Roubaix gekuckt gin. Méindes war och e strammen Programm virgesin. De Jos an de Claude sin all Daag an den Hotel komm vir mat hirer Grupp ze fueren an den Tooltime-Auto hannert de Minimes-Cadets gefuer an huet déi Midd, Verletzten oder Velosgeschiédegt opgelueden an d’Coureuren mat Waasser oder neien Schläich versuergt. Denstes hun d’Minimes, Cadets an Debutants just eng kurz Sortie bis bei e Glacebuttek gemaach vir. Och d’Juniors, Espoirs an Elites hun sech déi Freed net entgoen gelooss an hun d’Minimes a Cadets dohin begleet. Sie waren net wéineg iwerrascht festzestellen, dass et eng richteg Herausfuerderung as mat 11, 12 Jähregen déi nach net all vill Erfahrung op der Strooss hun, duerch de Verkéier ze fueren. Mettwochs war et un den Juniors, Espoirs, Elites vir e bessen ze relaxen während Minimes, Cadets, Debutants rem d’Bierger erop gerannt sin a mettes mam Bus op Sainte-Maxime gefuer sin vir e bessen op d’Plage ze goen. Donnestes a Freides as den Trainings-Programm weidergaang. Freides Owes as de Bus gepaak gin a schon war d’Woch eriwwer. Nom Velo as Fussball, Billard, Kicker an Pingpong gespillt, awer och gelungert, sech gebrongt, gelaacht an diskutéiert gin. E puer curiéis Detailer bleiwen ze ernimmen : e Schlëssel deen regelrecht vum Erdboden verschluckt gin as, eng rieseg Knupp déi sech innerhalb vun 3 Sekonnen um Jeff sengem Knéih gebild huet, véiereckegen Fesch deen engem spéitstens vum 4. Daag op de Geescht gaang as, e Lännermatch wou 35 Spiller géint de Ball gespillt hun, den Noah deen einfach emfällt an sech de Fanger brecht, Aerm a Been déi komesch rout geliecht hun, de Scott deen sech zwou Lokalbeautéen ugelaacht huet, de Scott deen seng Hausaufgaben mecht während déi aner Paris-Roubaix kucken, d’Fransousen déi eisen Jongen hir Zemmeren mussen botzen, den Ubleck vum Julien nierwend dem Rick, déi Knupp um Jang sengem Aarm déi vun Daag zu Daag méih rout an deck gin as, eng Bar déi meeschtens zou war wat zum Treff op der Wiss virum Kevin senger Terrasse gefouert huet, d’Michèle dat innerhalb vun 1,5 Stonn 3 Mol an dee selwechten Buttek Bananen kafen geet, déi 10 Hambuerger déi ee vun de Jongen, deen mir hei net nennen wellen, wollt mateneen verdrecken… Mir waren frou, dass kee gefall as an dass alles gudd iwwert d’Bühn gang as. D’Sonn war déi ganz Woch um Rendez-vous sou dass et agreabel Trainingskonditiounen waren. Et war eng flott Zesummenarbescht mam Velo Wooltz woduerch mir richteg flott Gruppen mat Cadets an Debutants haten, wat den Training interessant an sënnvoll gemaach huet. An och vir grous a kleng Tooltime-Coureuren war et eng gudd Geleenheet sech méi nozekommen. Hei e puer flott BILLER …
2ten GP Bob Jungels zu Dippach
Dëse Sonndeg waren Junioren als Mixe-Equipe um „2.ten GP Bob Jungels“ angeschriwwen. Dest ass eng UCI-Course vir Junioren wou 28 Equipe ageschriwwen waren mat ca. 160 Coureuren um Start. Ze fueren waren um Circuit (Dippech-Duelem-Garnech-Holzen-Dippech) 12 Ronnen / 130km . Eis Equipe ass vum Charel Meyers (LC Tetange) an vum Dylan Thiel (F) verstärkt gin. Um Enn haate mir mam Felix Schreiber (82.) an mam Dylan Thiel (87.) 2 Coureuren déi zeitgleich mam Peloton op 0’39“ am Classement général waren.
Net esou gut ass et fir de Scott Hubert gangen deen no 400 Meter e Platten haat, an de James Bindels dee kurz drop an enger Chute war, an do séi Velo zerstéiert huet. Fir déi 2 war et dun onméiglech fir nees opzeschleissen, an se sin virzéiteg erausgeholl gin. Och de Philippe Leclerc huet an der 3. Ronn am Bierg lassgeloos. De Charel Meyers haat et bis an déi 7 Ronn gepackt. Och sie hun missten ophalen.
Fir eis Coureuren war et eng gutt Erfahrung vir op dem Top-Niveau matzefueren.
Nightride den 10. Februar 2017
Den Freideg Owes, den 10 Februar hat de Maico e flotten Nightride organiséiert. Eng Grupp vun 15 Coureuren, vun Minimes bis Elites, sin ronderem Huelmes a Brouch en Tirchen mam MTB gefuer während e puer fläisseg Helper Feier gemaach hun, an de Grill preparéiert hun. D’MTBiker sin iwwert d’Cross-Piste zu Brouch gefuer, mam Velo iwwer Beem geklotert, sin d’Strooss erofgeflitzt an eng gudd Stonn dono e bessen manner séier eropgekrackselt, an hun sech gefreet dass d’Schrondweiler Zwillingen sie dobei begleet hun. Dass ee Luuten oplueden muss, haaten der e puer vergiess. Dei 2 Philippen waren a beemol verschwonnen, emgekippt a fort, de Jacques as ouni Loft gefuer an as trotzdem ukomm, de Michel an de Gilles wollten d’Baach boykottéieren, de Rick as driwwer geflunn an den Tom as no langer Verletzungspaus erem ganz gudd a Form. De Paul, de René an den Albert hun dem Feier zougeflüstert an d’Wirschtecher perfekt preparéiert während d’Myriam, d’Claudine, d’Brigitte an d’Michèle sech em deen séissen Deel dono gekemmert hun. Den Alec war leider krank a konnt net matfueren, mee en huet sech et net huelen gelooss deen een oder aneren Thuringer mat engem Glühwäin eroofzespullen, de Feelener Ben war och dobäi, huet flott Fotoen gemaach an d’Gesellschaft mat e puer gudd plazéierten Witzer ameséiert. De Ben an de Maurice waren vir d’Zelt zoustänneg, hun déi Aufgab vierbildlech erleedegt an hun déi méih jonk Coureuren mat hirer Präsens erfreet. De Gilles, de Michel, de Rick an den Tom hun sech beim Feier ameséiert, sin déi eng oder aner Kéier baal dragefall an hun dobei gekickelt a gerolzt woubei d’Caroline emmer rem betount huet dass Gewalt keng Léisung as. Och dat klengt Anne-Marie war do, hatt huet mat senger Abenteurer-luut vir eng kloer Siecht gesuergt an mir hoffen dass hatt an e puer Joer mat um Velo setzt.
Et war ee gelongenen Owend wou d’Wieder zum Gleck mat gespillt huet. E groussen Merci u jidfereen deen dobei war! PHOTOS
MTB Nightride – Freideg 10.02.2017
Rappel :
MTB Nightride den 10.02.2017 zu Huelmes. RV ass um 18h30. All Coureur ass Wëlkom. Vergiess net Luchten a MTB matzebrëngen an och eng Ersatz Kleedung fir herno wann mir grillen




