Generalversammlung 2017

An enger flotter Atmosphère ass eis Generalversammlung 2017 oofgehale gin. No der Usproch vum Präsident, dem Jos, den déi grouss Leeschtungen vum Tooltime ernimmt huet, sei et, eis trei Coureuren, déi als Ambassadeur eise Verein an eis Gemëng dobaussen vertueden hun, oder d’Arbecht vum Veräin, deen 2016 e schwéier Joer hat an durch déi vill Oofgäng vun jonke Coureuren an och Betreier déi eise Veräin 2016 verloos hun, huet de Veräin nach an dem Bereich e Substanzverloscht, mée awer, wou de Veräin schon Leisungen gesicht huet an der och noch fënd. All dës Mesuren huet Michèle am Aktivitéitsbericht den, den Rëckbleck vun 2016 an och Prévisiounen vir 2017 enthalen huet erklärt. Do drënner sin all eis Manifestatiounen gefall, Cyclocross, Contre la montre, asw, mé och eis Trainingsgruppen déi iwer déi ganz Saison geschafft hun. Daat ass eise MTB Training, Rullentraining ënner der Leedung vum Maiko, deen eis Trainingsstrëck permanent ausbaut, de Ben deen eng ganz wichteg Stütz fir de Verain ass, an den Training a Cordinatioun zwëschen Coureur a Comité formidabel mecht, de Georges den den Stroossentraining mecht, den Tom, den d’Jongen a Meedercher mat sengem Savoir fir de Cyclocross trainéiert huet, an och de Jeannot Kayser den mat Trainingspläng eis grouss Coureuren op hier Zieler préparéiert. Och eis Trainingskoppératioun mam Velo Wolz, déi elo fir 2017 an engem Stage a Südfrankreich fir d’Ouschteren weidergefouerd get, ass erklärt gin. All weider Informatiounen iwer dëse Stage kréien Coureuren, déi ageschriwwe sind an dene nächsten Deeg matgedeelt wou dann nach och eng Informatiounsversammlung organiséiert get. Et ass dun mam Keesebericht vum René weidergangen, wou trotz gudde Recetten, awer Defizit durch eis nei Uniform war, déi mir 2016 krit hun. De Volet Uniform ass awer fir 2017 an 2018 net méi esou massiv, esou dass eis Kees gesond bleiwt. D’finanziel Situatioun fir 2016 ass positiv. De Kasserévisor huet daat och konnten bei senger Inspectioun vun de Konten feststellen an huet eisem Caissier seng Décharge gin. Dono war et de Burgermeeschter, Fernand Heyard, den op déi goud Zesummenarbecht zweschen dem Tooltime an der Gemëng agangen ass, an huet och sech Erfreed gewisen iwer déi gudd Resultater dei den Tooltime errecht huet an dass de Préizerdaul e permanente Bestandeel an der Velos-Presse ass. Dass den Tooltime op der Weltmeeschterschaft an all de Kategorien (Jun, E23 an Elite) jeweils de Beschte Lëtzeburger gestallt huet, huet eis Gemëng erfreed, an déi drei Laureaten, Felix Schreiber, Luc Turchi an Lex Reichling sin separat vun der Gemeng mat engem Merci geéiert gin.  No enger fréier Ausproch, huet de Comité dun all senge Coureuren fir hier gudd Performancen 2016 gratuléiert a Merci gesoot.

Tooltime Lauréats 2017

Tooltime Lauréats 2017

D’Coureuen déi 2016 e Championstitel, e Podium um Championnat MTB, Cyclocross oder Stroos, oder eng Course gewonnen hun, op enger Weltmeeschterschaft Lëtzebuerg op der Stroos oder Cyclocross vertrueden hun sin separat geéiert gin. Och ass eis Equipe déi 2016 d’Flèche du Sud gefuer ass, an do baal komplett durch déi grausam Chute op der 2. Etappe zu Nagem, déziméiert gin ass, ass net vergies gin. Esou och wéi den Tom Hermes, deen durch eng Chute eng ganz Saison ausgefall ass, ass als „meilleur malchanceux“ geeiert gin. Den Titel vum „méiller progresseur“ ass un den Jacques Gloesener gangen. Den offiziellen Deel vun eiser Generalversammlung 2017 war eriwwer an ass dun durch e flotte gesellechen Owend mat engem Patt an klenger Agappe weidergefuert gin.

Resultats Cyclocross Leudelange – 15.01.2017

De 15. Cross vun der Saison war dëse Sonndeg mam internationale Cross zu Leudelange. Bei der Elite huet de Wietse Bosmans gewonnen. Bei de Junioren konnt sech de Kopecky Thomas durchsetzen. D’Course vun den Débutanten ass vum Jang Leyder gewonne gin.

3 Coureuren vun Tooltime sin och selektionnéiert fir op der WM zu Bieles un de Start ze goen: Lex Reichling (Elites) / Luc Turchi (E23) / Felix Schreiber (Jun)
Hei sin d’Resultater vun den Tooltime-Coureuren:


41 coureurs au départ

23. Lex REICHLING +05:54 (2. Lëtzeburger)
31. Luc TURCHI – à 1 tour
38. Alec LANG – à 5 tours
40. Maurice THILL – à 6 tours

20 coureurs au départ

3. Felix SCHREIBER +00:32
12. James BINDELS +03:33
14. Philippe LECLERC +07:15
17. Scott HUBERT à 1 tour

13 coureurs au départ

4. Jacques GLOESENER +01:17
9. Philippe REUTER +03:36

Resultats Cyclocross Championnat Remerschen – 07.01.2017

Dëse Samsteg waren National Championnater am Cyclocross zu Remerschen. All eis Cyclocross Coureuren waren um Rendez-Vous an op schweierem- an ganz kaalen a gefruerenem Terrain hun probéiert daat bescht meiglecht Resultat erauszefueren. Bei der Elite wollt de Lex Reichling seng Titelambitiounen matt 2 gewonnene Coursen ënnersträichen, mee leider hun him 2 Platten hei e Strëch durch Rechnung gemaach. Deen 2. Platten war op enger ganz ongenschtecher Plaatz an hien huet en halwen Tour missten laafen bis an de Posten a ganz vill Zäit verluer. Um Enn ass eng 7. Plaatz erausgefall op de Gewënner den Scott Thiltges. Bei den Espoirs huet de Luc Turchi eng Course sans-faute gemaach a konnt esou wei 2016 och 2017 Champion bei den Espoirs feieren. Bei de Junioren ass de Felix Schreiber ebenfalls mat Ambitiounen an Course gaangen, mee hien haat kee gudde Start an am Ufang vill Zäit verluer. Lues a lues huet hien sech awer novir geschafft a ganz knapp eng 2. Plaatz verfehlt. De Gewënner war hei de Tristan Parrotta an de Felix huet als 3. nach eng Plaatz um Podium kritt. D’Course vun de Débutanten ass gewonnen gin vum Jang Leyder, an den Jacques Gloesener haat kee gudden Daag erwescht an huet sech mat enger 6. Plaatz zefridde gin.

Hei sin d’Resultater vun den Tooltime-Coureuren:


37 coureurs au départ

4. Luc TURCHI +00:00:26 (Champion Espoirs)
7. Lex REICHLING +0:02:45  (2 crevaisons)
17. Ben PHILIPPE à 2 tours
18. Maurice THILL à 3 tours (6. Espoirs)
19. Eric GLEIS à 3 tours (7. Espoirs)
21. Kevin DISTELDORFF à 3 tours (8. Espoirs)
25. Alec LANG à 5 tours
26. Claude ENGELMANN à 5 tours

14 coureurs au départ

2. Felix SCHREIBER +00:00:06
7. James BINDELS +00:04:59
11. Scott HUBERT à 1 tour
ab. Philippe LECLERC (crevaison)

22 coureurs au départ

6. Jacques GLOESENER + 00:02:26
ab. Philippe REUTER (chute)

Sylvesterlaaf zu Rambrouch

Um Sylvesterlaaf zu Rambrouch waren och e puer Coureuren vun Tooltime um Start.

Sylvesterlaaf 2016

Sylvesterlaaf 2016

Eng gutt 10. Plaatz vir de Laurent Reichling (00:36:22) ënner 447 Konkurrenten. Den Aly Schartz ass den 69. gin (00:42:59) an den Steve Holzem huet sech als 283. klasséiert (00:53:46). Exellent Leeschtung bei de Kannerkategorien vum Numa, Luis, Rick, Philippe, Caroline.

E puer Photo’en

 

Resultat Sylvestercyclocross Alzingen – 31.12.2016

De 13. nationale Cross vun der Saison war op Sylvester zu Alzëng. Bei der Elite huet de Loïc Nennaux gewonnen. Bei de Junioren war de Nicolas Kess de Schnellsten. D’Course vun den Débutanten ass un den Theo Thomas gangen.

Um 1. Januar waren um internationale Cross zu Petange de Lex Reichling an de Luc Turchi um Départ. Dës Course ass vum Marcel Meisen domminéiert gin. De Luc Turchi konnt sech als gudden 19. an als eischte Lëtzeburger klasséieren. De Lex Reichling huet an der 2. leschter Ronn e Platte kritt an ass awer nach op déi 25 Plaatz komm als 4. Lëtzeburger.

Hei sin d’Resultater vun den Tooltime-Coureuren:

43 coureurs au départ

6. Luc TURCHI +00:46:00 (3. Espoirs)
7. Lex REICHLING +01:01:00  (crevaison)
22. Maurice THILL +06:19:00 (10. Espoirs)
25. Ben PHILIPPE +07:42:00
27. Eric GLEIS +07:32:00 (12. Espoirs)
29. Kevin DISTELDORFF +07:46:00 (14. Espoirs)
37. Alec LANG à 1 tour
ab. Claude ENGELMANN (crevaison)

33 coureurs au départ

2. Felix SCHREIBER +00:04:00
8. James BINDELS +04:15:00
10. Philippe LECLERC +04:48:00
26. Scott HUBERT – 1 tour

18 coureurs au départ

2. Jacques GLOESENER + 00:28:00
10. Philippe REUTER + 03:11:00

44 coureurs au départ

19. Luc TURCHI +05:33:00
25. Lex REICHLING – 2tes

1 12 13 14 15 16 34