Supercup 2013


Mir hunn et allt erem gepackt eng flott an intressant Manifestatioun ze bidden ouni dass engem vun den Coureuren Eppes geschitt ass.. Dëst ass awer och den Verdengscht vun deenen Streckeposten déi während deenen 2 Deeg Course dofir gesuergt hunn dass dat soll esou bleiwen. Deenen Leit, déi op engem vun deenen villen Autoen a Motoen gefuer sinn och ee grousse Merci. ( Clubautoen; Voiture ouvreuse; voiture balai, Commissäiren an eis Motoriéder ) . Op dësem Wee ee ganz grousse Merci un all déi Fräiwëlleg déi Eppes dozou bäigedroen hunn dass mer eis Manifestatioun konnten ofhaalen
Awer och ee grousse Merci un den Godelet Camille deen um Mikro fir Stëmmung suergt an de ganzen Dag d’Leit matt Informatiounen iwwert Coureuren versuergt.Dem Steichen Claude deen dofir verantwortlech ass dass den Camille iwwerhaapt kann Informtiounen un Zuschauer weiderginn ( Beschallung + Technik ). Dann eiser Pärel am Secretariat dem Lynn Kayser dat an Zwëschenzäit d’Secrétariat praktësch aléng schmäisst an och a Stresssituatiounen net panikéiert an trotzdem matt jidderengem fein bleift. Dem Jipi fir Organisatioun vun der Dammecourse an natierlech dem ganze Recht vum Comité.
Dann net ze vergiéssen all deenen Commissäiren déi während 2 Deeg op der Streck ënnerwee sinn oder um Camion hier Aarbecht verriechten sou dass d’Coureuren iwwerhaapt kënnen hier Coursen fueren
Da waren awer och nach Coureuren fir eis Equipe um Start, och déi soll een natierlech net vergiéssen!
Course Minimes:
Reuter Philippe 13 Plaz;
Weber Joé 21 ( éischt Course )
Course Cadets :
Felix Schreiber 1 Plaz. De Felix huet erem näischt ubrenne gelos a rem direkt vum Départ un attackéiert. Et huet sech ee Grupp vun 4 Leit gebild an den Felix huet den Sprint gewonnen. Sou einfach ass et!! Super Course Felix.
Leclerc Philippe 9 Plaz;
Wolmering Kenny Neal 11 Plaz;
Mara Turchi huet bei den Meedecher gewonnen. Super esou Mara.
Course Débutants:
Weyrich Maxime eng gutt 8te Plaz;
Thill Maurice 15 Plaz;
Prickaerts Sam 17 Plaz;
Roulling Gilles huet opgehaalen wéint Krankheet
Course Dames: leider keng Dame um Départ déi ware matt der Nationaléquipe ënnerwee
Course Juniors:
Luc Turchi 2 Plaz. Eng ganz flott Course wou sech um Enn 2 Leit ofgesat hunn an zwar den spéideren Gewënner Tom Wirtgen an den Luc. Hei ass et beim Luc em 5 cm net duer gaangen am Sprint em déi éischt Plaz. Mir wënschen dem Luc nach vill Erfolëg fir Course an der Schwäiz ( Rueblyland ) an natierlech fir d’WM zu Florenz J.
Larry Valvasory ass op enger gudder 8 Plaz geland;
Wirtz Joé 29 Plaz;
Buijk Yann 35 Plaz.
Course Elites/U23:
Reichling Lex 14 Plaz General an 4Plaz U23
Fritsch Sven 21 Plaz General 9 Plaz U23
Hübsch Michel 22 Plaz General 10 Plaz U23
Lang Alec 41 Plaz General 14 Plaz U23
Olinger Marc 42 Plaz
Reichling Laurent huet opgehaalen
Am CLM gueff et ganz gutt Resultater vum
Luc Turchi 2 Plaz Juniors
Larry Valvasory 3 Plaz Juniors
Wirtz Jacques 6 Plaz Masters
Röhmer Mike 9 Plaz Elites
Sou dëst soll ee klengen oder och grousse Bilan vun deenen 2 Deeg Course sinn an och ee grousse Merci un all eis Volontairen
Bis hoffentlech déi nächst Manifestatioun an zwar den 8 Décember Cyclo-Cross am Daul
Le programme du Festival Tooltime 2013 se compose de 3 épreuves. Le début se fait le samedi 24 août par une course en ligne pour Minimes suivi des Cadets. Elle sera suivi d’un Contre la montre sur route pour les classes Dames, Juniors, Espoirs, Elites et Masters. Le dimanche 25 août la manifestation continue avec les épreuves Course en ligne sur le magnifique circuit de 10km. On vous invite chaleureusement de participer et sera content de vous voir au rendez-vous.
( Attention : Les courses se font en sens inverse par rapport aux éditions 2012, 2011, .. c-à-d ELL -> Oberpallen -> Colpach Bas ->ELL)
GP Banque Degroof Luxembourg (Dames)
GP Ets. Schuh de Colpach-Bas (Masters)
GP Fan Club Fränk an Andy Schleck (Juniors)
GP Husting & Reiser S.A. (Espoirs)
GP Voyages UNSEN (Elites)
Départ : samedi 24 août à 15.00 heures
1. Catégorie Dames : 1 tour X 9450 mètres
2. Catégorie Masters : 1 tour X 9450 mètres
3. Catégorie Juniors : 2 tours X 9450 mètres = 18900 mètres
4. Catégorie Espoirs : 2 tours X 9450 mètres = 18900 mètres
5 Catégorie Elites : 2 tours X 9450 mètres = 18900 mètres
La liste de départ définitive sera publiée sur le site, vendredi le 23 août 2013
• Prix : selon barèmes FSCL
• Remise des prix : au Centre Culturel
• Bureau officiel : Vis-à-vis du Centre culturel (an der Schmëtt)
• Douches : Centre culturel Camille Ney
GP Commune de Ell (Minimes)
Départ : samedi 24 août 13.05 heures
Distance : 2 tours X 9450 mètres = 18,9 km
Arrivée : vers 13.45 heures
Inscription 1h avant le départ
barême classe 8
• Prix : selon barèmes FSCL
• Remise des prix : une heure après l’arrivée au Centre Culturel
• Bureau officiel : Vis-à-vis du Centre culturel (an der Schmëtt)
• Douches : Centre culturel Camille Ney
GP FOYER Zurcher & Jung (Cadets)
Départ : samedi 24 août 13.00 heures
Distance : 4 tours X 9450 mètres = 37,8 km
Arrivée : vers 14.15 heures
Inscription 1h avant le départ
barême classe 7
• Prix : selon barèmes FSCL
• Remise des prix : une heure après l’arrivée au Centre Culturel
• Bureau officiel : Vis-à-vis du Centre culturel (an der Schmëtt)
• Douches : Centre culturel Camille Ney
GP Fan Club Fränk an Andy Schleck (Debutants)
Départ : dimanche 25 août 13.05 heures
Distance : 6 tours X 9450 mètres = 56,7 km
Arrivée : vers 14.45 heures
Inscription 1h avant le départ
barême classe 5
• Prix : selon barèmes FSCL
• Remise des prix : une heure après l’arrivée au Centre Culturel
• Bureau officiel : Vis-à-vis du Centre culturel (an der Schmëtt)
• Douches : Centre culturel Camille Ney
GP Banque Degroof Luxembourg (Dames)
Départ : dimanche 25 août 13.00 heures
Distance : 9 tours X 9450 mètres = 85 km
Arrivée : vers 15.45 heures
Inscription 1h avant le départ
barême classe 6
• Prix : selon barèmes FSCL
• Remise des prix : une heure après l’arrivée au Centre Culturel
• Bureau officiel : Vis-à-vis du Centre culturel (an der Schmëtt)
• Douches : Centre culturel Camille Ney
GP Fan Club Fränk an Andy Schleck (Masters-Juniors)
Départ : dimanche 25 août 09.30 heures
Distance : 10 tours X 9450 mètres = 94,50 km
Arrivée : vers 12.30 heures
Inscription 1h avant le départ
barême classe 4.3
• Prix : selon barèmes FSCL
• Remise des prix : une heure après l’arrivée au Centre Culturel
• Bureau officiel : Vis-à-vis du Centre culturel (an der Schmëtt)
• Douches : Centre culturel Camille Ney
GP Garage Castermans (Espoirs)
Départ : dimanche 25 août 16.00 heures
Distance : 12 tours X 9450 mètres = 113,4 km
Arrivée : vers 18.30 heures
Inscription 1h avant le départ
barême classe 1
GP OSTERGAARD’S BIKE SHOP (Elites)
Départ : dimanche 25 août 16.00 heures
Distance : 12 tours X 9450 mètres = 113,4 km
Arrivée : vers 18.30 heures
Inscription 1h avant le départ
barême classe 1
• Prix : selon barèmes FSCL
• Remise des prix : une heure après l’arrivée au Centre Culturel
• Bureau officiel : Vis-à-vis du Centre culturel (an der Schmëtt)
• Douches : Centre culturel Camille Ney
Le parcours a une longueur de 9,45km et se fera dans le sens :
ELL –> Haaptstroos –> Reidenerwee – Route d’Arlon –> OBERPALLEN –> Uewerpallenerstross – Koulbicherstroos –> COLPACH-BAS –> Ellerstroos –> ELL
!! Attention – La course se fait en sens inverse par rapport aux éditions 2012, 2011, .. !!
Resultats Contre la Montre 2013
Resultats Courses en lignes 2013
Eng kleng Hallefzaitbilanz vun de Jeunes Tooltime no 35 Traininger an 8 Coursen :
Dës Saison hunn mir ganz frei ugefangen eis op déi nei Saison ze preparéieren. De 16 Januar sinn mir déi éischte kéier an Hall gaange, wou mir bis zum 20.03 eng flott Zäit zesummen haten. Ëmsou méi grouss wor dunn awer Freed wou et konnt eraus op de Vëlo goen. Crossstréck wor nach ëmmer net einfach ze fuere, well dat ganzt Waasser aus dem Wanter huet den Training ab an zou an eng Schlammschluecht verwandelt. Dest huet awer dem Spassfaktor net geschued, just dass Papen a Mamen no enger Zait geméngt hun dass elo esou lues awer secher Cross Saison kéint faerdeg sinn. Dat ganz huet sech awer bezuelt gemaach. Mat vill Engagement sinn eis Coureuren op den Training komm an hunn ëmmer hiert bescht ginn. Sinn als Grupp zesumme gewuess, a kennen elo esou lues ufänken hier Friichten ze ernten. Esou dass et leschten Week-end zu Téiteng op der Course mat 5 éischte Platzen, ee super Resultat fir si eraus gesprong ass. Aus der ganzer Dynamik déi an desem Groupp herscht, ass et dann och net ausbliwwen dass den een oder anneren den op den Training schnupperen komm ass hänke bliwwen ass. Wou mir am Ufank mat 5-6 Kanner geschafft hunn, ass et elo esou dassen 18 Kanner op der Lescht ageschriwwe sinn. Dëst mécht et natierlech fir Kanner ëmsou méi flott fir an Grupp ze trainéieren an ze schaffen.
Op dëser Platz wëlle mir awer och nach den Eltere villmools Merci soen déi eis esou gutt ënnerstëtzen an ganz oft op dem Training dobäi sinn fir eng Hand mat unzepaken.
Hei e puer Photo’en
2 nei Championen an 2 Sëlwermedailen !
Félicitatiounen ginn un déi aal a nei Championne Laurence Thill ( Junior Dames ) an un dee neien Champion Felix Schreiber ( Cadet )
An der Kurs vun den DAMES hunn sech d’Elite relativ séier ofgesat sou dass et bei den Dammen eng Entscheedung op der Linn gouff, wou sech Laurence konnt durchsetzen. Gratulatioun un d’Laurence, dat mer nëmme nach am roud wäiss bloen Triko kënnen J
Julie Schreiber ass hei op déi ondankbar 4te Plaz komm. Weider esou Julie an da stees du och gläich erem um Podium.
An der Course vun de CADETS war de Paak bis an den 2 Tour nach zesummen. Et ass direkt vun Ufang un schnell gefuer ginn, bis den Felix am 2ten Tour fonnt huet et giff elo duer goen an am Holzener Bierg attackéiert huet wou dann den Pak komplett auserneegefall ass. Duerno huet en sech awer missten am Sprint durchsetzen. Op der Linn wosst am Ufang kee richteg ween elo gewonnen huet. Nom Fotofinish war et dunn awer kloer, den Felix ass neie Champion. Dëst ass dann deen éischten richtegen Dauler deen een Trikot gewënnt op der Strooss. Gratulatioun et affaire à suivre.
Bei den Cadets waren awer och nach Mara Turchi an den Leclerc Philippe um Départ. Allen zwee hunn eng gutt Leeschtung gewisen.
Dann haate mer och nach 2 ganz gutt Resultater vum Mike Diener . Podium an 2te Plaz am CLM bei den ESPOIRS. Woubäi ee muss bemierken dass deen Eischten, kee manner war wéi den Alex Kirsch vun Leopard Trek déi kënnen ënnert professionellen Konditiounen träinéieren an da nach nëmmen 17 Sekonnen déi 2 getrennt hunn. De Sonndeg dunn huet den Mike erem matt enger genialer Leeschtung opmierksam gemaach. Hien ass bis praktësch zum Schluss am Pak gewiégt matt den Profien zesummen wou en awer iergendwann huet missen lass loossen. Schon an der 3 Ronn haaten d’Profien vun Leopard den Tempo eropgesat sou dass hannendrunn den Pak vu Ronn zu Ronn ëmmer méi kleng ginn ass. Eis 2 Coureuren Sven Fritsch ( aktuell CCI Differdange continental ) an den Mike Diener konnten awer matt deene Beschte matthaalen an hunn den Podium just verfeelt. Fritsch Sven ass 4ten an den Diener Mike ass op eng super 5te Plaz bei den Espoire komm. Hei muss ee soen dass schon 9 Profien um Départ waren an vun 63 Coureuren, nëmen 21 ukomm sinn ! Super Leeschtung Mike an Sven …
Bei der ELITES, den Marc Silverio, Laurent Reichling, Marc Olinger an Mike Rohmer och all Respekt un Sie, déi bei esou enger staarker Konkurrenz esou laang mattgehaalen hunn. Sie hun leider missen am leschten Drëttel vun der Kurs ophaalen.
Dann huet bei de JUNIOREN awer och den Luc Turchi , mee dëss Kéier op der Strooss ee Podium gemaach. Scho no senger gudder Leeschtung am CLM Donneschdegs, wou en awer leider déi 4ten Plaz gemaach huet an domadder deen éischten Verléierer um Podium ass, wollt hien sech dat awer net bidde loossen.
Nodeem den Joé Wirtz direkt vum Start un attackéiert huet ass et vun Ufang un direkt matt engem immens héigen Tempo lassgaangen. De Luc ass direkt ënnen am Holzener matt voller Vitesse an den Bierg gaangen. Hei konnt just nach een mattgoen an zwar dee spéidere Gewënner Tom Wirtgen. Den David Klein ebenfalls UC Dippach hat hei den Anschluss verpasst. Hannendrunner huet sech nach ee Grupp aus 2 Dippecher gebild an dem Larry Valvasory. Den Larry hat hei schlecht Kaarten am Grapp a konnt an deem Grupp keng Aarbecht iwwerhuelen, well e soss deenen Dippecher gehollëf hät fir op den Luc opzefueren. Iergendwann an der 3 Ronn huet den David Klein dunn probéiert fir an den éischte Grupp ze fueren mee huet awer am Bierg iwwerdréit an sou sech freckt gemaach. Well immens vill Loft war krut hien dat Lach nie zougefuer. Sou ass et dann an de leschten Tour gaangen wou den Tom Wirtgen dann virum Bierg op der Rieschter attackéiert huet an ee kleng Virsprong hat am biergop. Den Luc, deen dat Lach un 8 Sekonnen op de Gewënner Tom Wirtgen awer net méi zougefuer krut huet ,ass awer matt senger 2 Plaz voll a ganz zefridden.
Gratulatioun och dem Luc fir seng super Leeschtung.
Dem Larry Valvasory awer och ee grousse Respekt fir seng Leeschtung an säin Equipegeescht. Larry huet och beim CLM eng ganz gutt 6te Plaz gemaach!! Dem Yann Buijk an dem Joé Wirtz een decke Merci fir är Equipenaarbecht an är Leeschtung.
Bei de MINIMES waren den Tom Hermes an den Philippe Reuter um Départ. De Philippe huet et ferdeg bruecht fir am geschlossene Pelloton an de Sprint ze goen. Hien ass zeitgleich mat dem Gewënner den 13. ginn. Den Tom war kurz hannendrunn an ass gudden 24. ginn. Weider esou !
Bei den DEBUTANTS ware mir matt Maxime Weyrich; Gilles Roulling; Sam Prickaerts an Maurice Thill um Départ, mee haaten awer näischt mam Ausgang vun der Kurs ze dinn. Si all hunn sech gutt geschloen. Eis Coureuren sinn och hei all 1 Joër méi jonk a brauche nach Erfahrung. Mee déi kënnt matt der Zäit !
Da ware nach eis MASTER am CLM an op der Stross ënnerwee. Am CLM Hei huet den Joël Weirig ( lescht Joër Champion ) eng 6te Plaz gemaach den onermiddlegen Jacques Wirtz eng 8ten an den Jeannot Kayser eng 12 Platz. An der course en ligne ass den Jacques 19ten an den Aly Schartz 16ten ginn.
Sou ech hoffen ech hunn elo kee vergiess. Jiddefalls jidderengem: Coureuren, Betreier; Zuschauer an Traineren ee grousse Merci fir äre Beitrag un der Championnat 2013