Luc Turchi Vize-Champion bei de Juniors

Luc Turchi - VizeChampion bei den Nationalen Meeschterschaften zu Dippach 2013 hannert dem Tom Wirtgen

Luc Turchi – VizeChampion bei den Nationalen Meeschterschaften zu Dippach 2013 hannert dem Tom Wirtgen

Eng fantastesch 2. Plaatz fir de Luc Turchi op de Nationale Meesterschaften zu Dippach. Op enger schneller Course, déi vun Ufang voll gefuer ginn ass, ass de Luc zesummen mam Tom Wirtgen (UC Dippach) op der eischter Ronn an enger Echappée déi Sekonnen fir Sekonnen méi grouss ginn ass. An der direkter Verfolgung waren vun der 2. Ronn un just nach 3 Leit (David Klein, Ken Müller an Larry Valvasori). An der 5. Ronn huet den David Klein probeiert sech eleng op Verfolgung vum Luc an vum Tom ze machen, waat awer bis op Arrivé net duer gaangen ass. An der leschter Ronn war dun d’Attack vum Tom Wirtgen esou stark dass de Luc déi 6 Sekonnen bis op d’Arrivée net mei zou kritt huet an zefridden eng 2ten Plaatz kritt huet. Gewëener war den Tom Wirtgen an déi 3. Plaatz ass un den David Klein gaangen. De Larry Valvasori huet eng gut 5. Paatz gemach. De Yann Buijk huet sech op der Plaatz 17 klasséiert, an de Joe Wirtz ass den 19. ginn.

Felix Schreiber Champion 2013 bei de Cadets

Felix Schreiber Champion bei de Cadets 2013

Felix Schreiber Champion bei de Cadets 2013

De Felix Schreiber huet sëch op dem Championnats 2013 zu Dippech an der Course bei de Cadets durchgesaat. An enger spannender Course huet hien alles ginn, an op Zentimeter virum Tristan Parrotta (UC Dippach) gewonnen. Hien huet alles richteg gemach, op de richtege Moment gewaart an dunn zougeschloen 🙂 ; Felicitatioun Felix ! Hien konnt sech mam Tristan  um leschten Tour fortgemaachen a konnten ca. 20 Sekonnen op de Ken Conter an ca. 1 Minute op en eischte Peloton eraus fueren, wou de Philippe Schreiber och eng gutt Course gefuer ass (Plaatz 13). Mara Turchi ass daat 4. Meedchen bei de Cadets ginn.

Laurence Thill Championne Juniorinnes 2013

Laurence Thill Championne Juniorinnes 2013

Laurence Thill Championne Juniorinnes 2013

D’Laurence Thill huet sein Titel bei de Juniorinnen op dem Championats Nationaux 2013 zu Dippech erfolegreich verdeedegt. Hatt konnt sech virum Lara Carier (LC Tetange) am Sprit durchsetzen. Op der 3. Plaatz huet sech Cloé Delizotti (LP Schifflange) klasséiert. Julie Schreiber haat haut net séin beschten Dach an huet de Podium verfeelt an huet déi 4. Plaatz bei de Juniorinnen kritt.

 

 

 

CLM zu Almersbach(D)

Contre la Montre zu Almersbach - Mike Diener 1. bei der Elite

Contre la Montre zu Almersbach – Mike Diener 1. bei der Elite

Excellent 1. Plaatz vum Mike Diener op enger Contre-la-Montre Course vun 21,1km zu Almersbach bei Koblenz. Hien ass an enger Zéit vun 00:28:20 Streck vun 21,1km (Moyenne 44,79) gefuer.

Bei de U19 huet den Luc Turchi déi 2. Plaatz gemaach an der Zéit vun 00:29:44 hannert dem David Klein vun UC Dippach. Eng gutt 5. Plaatz fir den Yann Buijk.

Bei de Senioren2 ass de Joël Weirig eng 5. Plaatz an der gudder Zéit vun 00:29:14 gefuer. Och eng 5. Plaatz huet de Jeannot Kayser bei de Senioren3 gemaach.

 

 

Nei Tooltime Homepage

Et war elo emol un der Zäit fir eng nei Homepage opzesetzen. Zënter 2005 war eis Säit aktiv an huet just 2008 en klëng Annerung mat engem neien  Template kritt. Leider haat ech als Webmaster ëmmer méi mat Spam a Hacker ze kämpfen, an hunn beschloss fir eng ganz nei Säit opzebauen.

Bis elo war eis Homepage mat Joomla geschriwwen, an datt mat der Versioun 1.0 déi awer zënter e puer Joer net méi ënnerstëtzt get an elo immens Sëcherheetslücken opweist. En Upgrade an Version 1.5 oder 2.5 war baal gléichzesetzen mat eng néier Installatioun. Ech hun décidéiert fir Joomla de Réck ze dréien an elo op WordPress ze setzen.

WordPress ass méi Blog orientéiert an ass och kompatibel mat all de Internet-Browser déi et gin. Och d’Surfen op Smartphones an Tablets ass elo ginn.

Leider sinn e puer Funktiounen elo anescht, oder och net méi do. Zum Beispill ass fir de Moment  de Forum just migréiert sou dass all déi aal Topics iwwerholl sinn. User’en vum Forum mussen sech awer nei régistréieren.

Ech wënschen Iech vill Spaas mat eiser Säit, a freen mech op äre Feedback …

Georges Thill
—–__O
—_\ <,
–(_)/(_)

1 30 31 32 33 34