Cyclocross Championnat Kayl – 13.01.2018

Hei e klenge Lagebericht vun de nationale Championnater am Cyclocross zu Kayl, wou sech all eis Coureuren top geschloen hun an 2 Nationale Titelen feiere konnten. Den Philippe Reuter, Champion bei den Debutants an de Felix Schreiber, Champion bei den Espoirs.

 Philippe Reuter an Felix Schreiber

Philippe Reuter an Felix Schreiber

Bei den Débutants, konnt sech de Philippe Reuter am eischten Tour zesummen mam Jérôme a mam Alex oofsetzen. Schon no kurzer Zäit huet hien de Jérôme iwerholl an as um Schluss vum éischten Tour huet och laanscht den Alex gefuer. Vun do un huet hien d’Course ganz kloer dominéiert an huet säin Virsprong bis op iwwer eng Minute ausgedehnt, an sech souveraine de Championstitel gesëchert. Felicitatioun !

Bei de Junioren, haat de Jacques Gloesener, direkt am eischten Tour Pech, an huet an der Wieselzone wertvoll Zäit verluer bis hien op sein 2. Velo konnt wieselen. Hien huet dobei vill Platze verluer an huet sech lues a lues erem eropgeschafft a war op der 5. Plaatz bis hien am leschten Tour platt gin ass. Hien huet eng gudd Course gefuer trotz dem ville Pech. Den Tom Hermes konnt seng Course zu Enn fueren, wat op dem schweieren Terrain eng gudd Leschtung ass.

Bei der Elites/Espoirs huet de Lex Reichling och gleich am 1. Tour de Velo gewieselt an dobei och 2,3 Plaatzen verluer. De Felix Schreiber lung beim 1. Passage ob der 7 Platz. An der 2. Ronn hun de Felix an de Lex Course ugefouert. De Vincent Dias Dos Santos an den Scott Tiiltges lungen ob 3,4. Platz. De Lex huet dunn missen beim Felix lass loossen, sou dass de Felix eleng vir un der Course lung, gefolegt dun vum Soeren Nissen dem Vincent, Lex an dem Scott. No etwa 1/2 Course lung den Soeren eleng an der Verfolgung vum Felix an huet ob de Felix 2 Ronnen virun Schluss ob de Felix obgeschloss. An der leschter Ronn huet de Soeren sech am Besch vum Felix ofgesat. An der Wiss konnt de Felix awer kurz obschleissen; huet dun awer eh sie ob Strooss koumen e klengen Fehler gemach, wou bei hien de Kontakt zum Soeren verluer huet.  Fir den Titel bei den Espoirs war de Felix zu kengem Moment an der Course a Bedrängnis vun dem 2., dem Misch Leyder. E scheinen nationalen Titel fir den Felix Schreiber. Felicitatioun !

De Lex Reichling, dee nach an de Schoulexamen ass, huet sei Bescht gin, huet sech zum Schluss am Scott Thiltges an Vincent Dias Dos Santos fir eng Plaatz 4 geklappt. Zum Schluss ass eng 6. Plaatz erauskomm.

De Maurice Thill huet eng gutt konstant Course gefuer an ass op eng gudd 15 Plaatz komm. De Ben Philippe hatt Problemer mat dem ville Bulli an huet sech als 17. klasseiert. Als 20. ass den Alec Lang iwert Ziel gefuer. Hien deen vum September, durch seng Studien a Schottland, net mei um Velo sutz huet sech gudd geschloen. Och de Philippe Goessens huet Ziel gesinn an ass de 25. ginn. Net esou gut ass et fir de James Bindels gangen, den direkt am eischten Tour gefall ass an esou vill Zäit verluer huet. Genau wei den Kevin Disteldorff sollten sie d’Arrivée net gesin.

wort.lu  rtl.lu

 

 

Cylocross Alzëng – 07.01.2017

Nom internationale Cyclocross zu Péiteng wou Wierderkonditioune eng Katastrophe war, war de Cyclocross zu Alzëng erem op normale Crosswierder gefuer gin an daat hun eis Coureuren mat gudde Resultater souveräin ennerstrach an esou bewisen dass d’Form fir Championnater zu Kayl stëmmt. Bei de Debutanten huet de Philippe Reuter gewonnen an bei der Elite ass Victoire no enger spannender Course un de Felix Schreiber gangen. VIDEO op RTL
Hei sin d’Resultater vun den Tooltime-Coureuren:

38 coureurs au départ

1. Felix SCHREIBER 52’37“
6. Lex REICHLING +00’33“
16. James BINDELS +03’36“
23. Ben PHILIPPE +06’49“
24. Maurice THILL +07’24“
33. Alec LANG +11’43“
34. Philippe GOESSENS à 1 tour

15 coureurs au départ

6. Jacques GLOESENER +02’37“
15. Tom HERMES à 1 tour

25 coureurs au départ

1. Philippe REUTER 28’46“

Cyclocross Ettelbrück – 17.12.2017

Um Cyclocross zu Ettelbrëck huet de Lex Reichling seng excellent Form enner Beweis gesagt. Hier huet nom Cyclocross am Préizerdaul sein 2.Cross an deser Saison gewonnen. De Felix Schreiber ass, no enger Chute nach gudden  5. gin. Video op RTL

Hei sin d’Resultater vun den Tooltime-Coureuren:

31 coureurs au départ

1. Lex REICHLING 49’25“
5. Felix SCHREIBER 51’30“
16. Ben PHILIPPE 57’28“
18. James BINDELS 58’21“
22. Maurice THILL à 1 tour
ab. Kevin DISTELDORFF

4 coureurs au départ

4. Tom HERMES à 1 tour

15 coureurs au départ

4. Philippe REUTER 30’17“

3. Nina ROMMES (Déb Dames) à 1 tour

Cyclocross Préizerdaul – 10.12.2017

De Cyclcross am Préizerdaul, dëst Joer haat et an sech. De Sonndeg huet et ab 9 Auer geschneit an et sin bis 13h00 esou em 10cm Schnéi gefall. Dass daat net einfach Kontiounen fir eis Coureure sin, kann een sech denken. Trotzdem sin an alle Kategorien vill Coureuren un den Départ gangen. Och vill Spectateuren hun sech vum Wierder net ooschrecke gelos, an sech dée flotte Spektakel net entgoe gelos. Gewonnen huet de Lex Reichling, deen eng perfekt Course an dene Kontioune hin geluecht huet. Vum Départ un huet hien der Course de Stempel opgedreckt, an de Vincent Dias Dos Santos huet sech mat der 2. Plaatz zefridde gin. 3.ass de Felix Schreiber gin, virum Scott Thiltges.

Video RTL

Video RTL

Hei sin d’Resultater vun den Tooltime-Coureuren:

E Grousse Merci geet un all eis Helpers, déi an deene Deeg virdrun, den Daag selwer, an och de Meindeg nom Cross gehollef hun fir dëse Cross ze machen. Eis Sponsoren, déi eis all Joers ënnerstetzen, sou wei och Gemëng Preizerdaul soen mir Merci.

32 coureurs au départ

1. Lex REICHLING 53’19“
3. Felix SCHREIBER +00’52“
20. Ben PHILIPPE à 1 tour
26. Maurice THILL à 1 tour
30. Philippe GOESSENS à 1 tour
ab. Tim DIEDERICH

12 coureurs au départ

6. Jacques GLOESENER +05’55“
12. Tom HERMES à 1 tour

15 coureurs au départ

3. Philippe REUTER +02’32“
13. Michel CLEES +14’27“

1 8 9 10 11 12 34