Cyclocross Dommeldange – 10.11.2019

(RTL.lu) E Sonndeg gouf zu Dummeldeng déi 3. Manche vum Skoda Cross Cup gefuer.

De Scott Thiltges war e Sonndeg beim Regionale Cyclocross zu Dummeldeng dee Stäerksten. De Lëtzebuerger huet sech mat engem Virsprong vun 11 Sekonne virum Fransous Hugo Boulanger duerchgesat. Um Podium stoung mam Arthur Liardet e weidere Fransous. De Lëtzebuerger Champion Vincent Dias Dos Santos ass de 4. op 38 Sekonne ginn.

No 2011 heescht de Gewënner domadder zu Dummeldeng eng éischte Kéier net méi Vincent dias Dos Santos.
Bei den Dammen huet d’Marie Schreiber virum Elise Maes an dem Laetitia Maus gewonnen.
Arno Wallenborn heescht de Gewënner bei de Junioren.
Bei den Debutante war um Sonndeg de Mathieu Kockelmann de Beschten.

Hei sin Resultater vun den Tooltime-Coureuren :

41 coureurs au départ

1. Scott THILTGES 54’41“
6. Lex REICHLING 55’35“
13. Felix SCHREIBER 58’22“
18. Maurice THILL 59’10“
22. Alec LANG 61’51“
30. Philippe GOESSENS à 1 tour ou plus
38. Tom HERMES à 1 tour ou plus

Cyclocross Tétange – 03.11.2019

(RTL.lu) Beim regionale Cyclocross zu Téiteng goungen d’Coureuren um Sonndeg bei naasse Wiederkonditiounen op de Parcours. Den extrem déiwen Terrain huet de Coureuren alles ofverlaangt.

Bei der Elite konnt sech de Scott Thiltges vun Alzeng virum Vincent Dias dos Santos vun Téiteng op Plaz 2 an dem Aymerick Barthel op Positioun 3 behaapten. De Fransous war gläichzäiteg de Gewënner bei den Espoiren.

Laetitia Maus heescht d’Gewënnerin bei den Dammen.

Séierste Junior war den Arno Wallenborn a bei den Debutanten war de Gewënner de Mathieu Kockelmann.

Hei si d’Resultater vun den Tootime-Coureuren:

31 coureurs au départ

1. Scott THILTGES 54’02“
4. Lex REICHLING +1’23“
14. Maurice THILL +6’24“
16. Alec LANG +8’15“
20. Philippe GOESSENS à 1 tour
29. Tom HERMES à 2 tours

Cyclocross int. Contern – 27.10.2019

(RTL.lu) Aerts wënnt, Thiltges gëtt de beschte Lëtzebuerg

Bei der Elite konnt sech den Thijs Aerts no 10 Ronnen duerchsetzen. De Belsch, deee vum 3. Tour un eleng un der Spëtzt loung an hat um Enn eng Avance vu 34 Sekonnen op de Joshua Dubau (Fransous). Um Podium stoung nach den Andreas Goerman aus der Belsch. Beschte Lëtzebuerger gouf de Scott Thiltges als 20. Hien hat ee Retard vun 3 Minutten a 36 Sekonnen op de Vainqueur.

Shirin van Anrooij heescht d‘Gewënnerin vun der internationaler Dammecourse. Déi 17 Joer jonk Hollännerin hat sech direkt nom Depart vun der Course un d‘Spëtzt gesat an ass do eng souverän Course gefuer.Mat engem Retard vun 1 Minutt a 24 Sekonnen ass d’Weltmeeschterin vun 2016, d‘Thalita de Jong déi 2. ginn.

Bescht Lëtzebuergerin gouf d’Marie Schreiber als 7. a soumat ass si och déi Éischten am Skoda Cross Cup.

Bei de Juniore war d’Course um Sonndeg fest a franséischer Hand. Als Éischten ass den Noé Castille iwwert de wäisse Stréch gefuer. Hien hat e Virsprong vun 23 respektiv 26 Sekonnen op den Ugo Ananie an de Pierrick Burnet. Beschte Lëtzebuerger war de Mats Wenzel als 11ten, hie bleift Leader am Skoda Cross Cup.

De Mathieu Kockelmann huet sech och beim 5. Cyclocross vun dëser Saison hei am Land bei den Debutanten d’Victoire geséchert. De Lëtzebuerger Champion hat e Virsprong vun iwwer 2 Minutten op de Mats Berns an den Noa Berton.

Bescht Meedche war d’Liv Wenzel virum Margot Marasco (Fr) an dem Anouk Schmitz. No der 2. Manche vum Skoda Cross Cup leien de Mathieu Kockelmann an d’Liv Wenzel a Féierung.

Hei sin Resultater vun den Tooltime-Coureuren :

73 coureurs au départ

1. Thyis AERTS 1.05’39“
24. Lex REICHLING +4’17“ (2. Letzeboier)
37. Felix SCHREIBER à 2 tours
67. Alec LANG à 7 tours

Cyclocross Rumelange – 20.10.2019

(RTL.lu) Keng Chance fir d’Lëtzebuerger bei Victoire vum Loïc Hennaux
Bei richtegem Cyclocross Wieder ass e Sonndeg zu Rëmeleng déi éischt Manche vum Skoda Cross Cup gefuer ginn.

Bei der Elite war de Loïc Hennaux e Sonndeg fir d’Lëtzebuerger Cyclocross-Fuerer ze staark. De Belsch huet zu Rëmeleng déi 1. Manche vum Skoda Cross Cup an dëser Saison gewonnen. Op d’Plazen zwee an dräi sinn de Fransous Victor Thomas an de Lëtzebuerger Scott Thiltges gefuer. Den Hennaux war d’lescht Joer deen Zweeten am Skoda Cross Cup ginn.

De Lëtzebuerger Champion Vincent Dias Dos Santos an den Tristan Parrotta haten direkt am Ufank vun der Course e Platten, doduerch hate si näischt méi mam Ausgang vun der Course ze dinn. Fir den Dias Dos Santos war et um Enn déi 13. Plaz a fir de Parrotta déi 10.
Bei de Junioren huet de Mats Wenzel sech d’Victoire geséchert. Um Podium stoungen nach de Belsch Geoffrey Rausch an de Lëtzebuerger Alexandre Kess.

Mathieu Kockelmann heescht de Gewënner bei den Debutanten. Hien huet sech virum Noa Berton an dem Mil Morang duerchgesat.

Bei den Damme war d’Marie Schreiber virum Elise Maes an dem Nina Berton déi Stäerkst.
De Raphael Pierron war de Beschte bei de Masters. Dat virum Mario Matijevic an dem Guillaume Schaeffler. Als 4. war de Serge Bertemes dee beschte Lëtzebuerger.

Resultater vun den Tooltime Coureuren:

38 coureurs au départ

1. Loic HENNEUX 56’13“
11. Lex REICHLING 59’29“
12. Jacques GLOESENER 59’35“
16. Felix SCHREIBER 01:00’59“
23. Maurice THILL 01:02’35“
26. Philippe GOESSENS à 1 tour
33. Tom HERMES à 2 tours
ab. Alec LANG

Cyclocross Kayl – 11.10.2019

(RTL.lu) Scott Thiltges wënnt mat iwwer 1 Minutt Avance zu Keel
Den 2. gouf iwwerdeems de Lex Reichling an den Tristan Parrotta war krank – hien ass deemno net un den Depart gaangen.
E Samschdeg gouf zu Keel déi 3. Course vun der nach neier Cyclocross-Saison gefuer. Nodeems den Tristan Parrotta déi zwee viregt Weekender zu Bruch respektiv zu Miersch erfollegräich konnt gestallten, war dësen e Samschdeg awer net um Depart – e war krank.
Um Enn konnt sech de Scott Thiltges op iwwer 1 Minutt virun der Konkurrenz bei der Elite behaapten. Op de Podium koum iwwerdeems nach de Lex Reichling als 2.

Hei sin Resultater vun den Tooltime Coureuren

28 coureurs au départ

1. Scott THILTGES 48’33“
2. Lex REICHLING +00’45“
10. Maurice THILL +04’02“
12. Alec LANG +04’26“
14. Jacques GLOESENER +05’37“
ab. Tom HERMES

Cyclocross Mersch – 05.10.2019

(RTL.lu) Zu Miersch hat den Dippecher Veräin e Samschdeg e regionale Cyclocross organiséiert. Dat op dem nämmlechte Parcours, op deem den 11. Januar och déi national Meeschterschafte gefuer sinn. Bei der Espoirs/Elite-Course konnt sech den Tristan Parotta am Sprint virum Scott Thiltges duerchsetzen. Op die 3. Plaz koum de Belsch Loic Hennaux.

Bei den Juniore war den Tom Paquet dee Séiersten a bei den Debutante war den Mathieu Kockelmann dee Beschten. D’Nina Berton war déi séiersten Damm.

Hei sin d’Resulter vun den Tooltime-Coureuren:

37 coureurs au départ

1. Tristan PARROTTA 51’18“
8. Lex REICHLING +02’32“
9. Felix SCHREIBER +02’41“
13. Maurice THILL +04’20“
21. Alec LANG à 1 tour
27. Philippe GOESSENS à 1 tour

1 3 4 5 6 7 34