Cyclocross Brouch – 29.09.2019

(RTL.lu) Um Sonndeg war den Optakt vun der neier Saison am Cyclocross zu Brouch. Op d’Plazen zwee an dräi sinn de Belsch Loïc Hennaux an de Scott Thiltges gefuer. 

Mat ënner anerem Reichling, Thiltges an Hennaux waren direkt e puer Leit um Depart, déi fir d’Victoire an Fro komm sinn. Och de jonken Tristan Parrotta, dee sech déi lescht Woch schonn a gudder Form presentéiert hat, misst een op der Rechnung hunn.

De beschte Start an d’Course hat de Scott Thilgtes an hie konnt direkt am Ufank d’Féierung iwwerhuelen.

Thiltges, Reichling, Hennaux sou ass et duerch déi 2 éischt Tier gaangen. Zu dësem Moment konnt sech de Parrotta, dee méi weit hanne gestart war, Positioun fir Positioun no vir kämpfen.

Am drëtten Tour huet sech den Lex Reichling kuerz un d’Spëtzt gesat, dat virum engem ganz staarken Tristan Parrotta an dem Scott Thiltges. Nëmmen een Tour méi spéit huet de 20 Joer ale Coureur vun der UC Dippech seng Géigner hannert sech gelooss a vun deem Moment un d’Course ugefouert, woubäi de Lex Reichling bis op déi 3. Platz zeréckgefall ass. Dat virun allem well hie sech op dem technesch immens schwéiere Parcours net richteg zurecht fonnt huet.

Un der Spëtzt konnt den Tristan Parrotta seng Avance Tour fir Tour ausbauen. 2 Tier viru Schluss war de Virsprong souguer op iwwer 20 Sekonne geklommen.

Dëse konnt hien op eng impressionnant Manéier souguer nach bis op 36 Sekonnen ausbauen a sou gewënnt hie verdéngt dësen éischten offizielle Cross vun der Saison. Hannert him kommen de Loïc Hennaux op déi zweete Platz an de Scott Thiltges komplettéiert de Podium.

Hei d’Resultater vun den Tooltime Coureuren: 

33 coureurs au départ

1. Tristan PARROTTA 49’28“
4. Lex REICHLING 50’46“
7. Felix SCHREIBER 52’20“
17. Maurice THILL 55’34“
23. Alec LANG à 1 tour

UrbanCross Reckange – 21.09.2019

(RTL.lu) Den 29.09 fänkt d’Cyclo-Cross-Championnat un an am Virfeld gouf zu Reckeng fir den Optakt een Night Cross duerch d’Duerf organiséiert. 

Ee Cross matten am Duerf an dat owes – eppes ganz Spezielles. Dës Formule gesäit een an der lescht ëmmer méi dacks a verschiddene Länner, elo huet och de Lëtzebuerger Vëlossport esou een Event.

D’Coureuren hu sech op deem technesche Parcours net geschount an an der Course vun den Espoir/Elite sinn déi vill Spectateuren op hir Käschte komm. Ufanks hat sech ee Grupp mat ënner anerem dem Champion Vincent Dias dos Santos, dem Alzenger Scott Thiltges an dem Espoir-Coureur Tristan Parotta ofgesat.

D’Positiounen hunn am Laf vun der Course permanent geännert an op dem Circuit gouf et nëmme ganz wéineg Plazen, wou een d’Méiglechkeet hat, ze iwwerhuelen. Den Tristan Pattoa an de Scott Thiltges hunn et am Laf vun den Tier ëmmer erëm fäerdegbruecht den dos Santos e puer Sekonnen ofzeknäppen. Den Téitenger huet déi Lächer awer ëmmer nees zougefuer – och fir de Parcours-Designer Claude Michely awer den éischten Test gutt.

Am leschten Tour war d’Spannung um absoluten Héichpunkt, ma de Lëtzebuerger Champion huet seng ganz Routine ausgespillt a war den entscheedenden Ament un 1. Positioun, fir bis op d’Ligne d’Arrivée näischt méi ubrennen ze loossen.

Alles an allem war et e ganz flotten Owend zu Reckeng mat begeeschterte Cyclisten a Spectateuren. Eng interessant Formule fir d’Zukunft vun där d’Vëlosfederatioun an de Lëtzebuerger Vëlossport nëmme profitéiere kann.

Hei Platzeierung vun den Tooltime Coureuren :

20 coureurs au départ

1. Vincent DIAS DOS SANTOS 52’32“
4. Lex REICHLING 54’21“
7. Maurice THILL 56’40“
14. Philippe GOESSENS (à 1 tour)

Trainingszäiten 2019

Hei sin dei nei Trainingszäiten fir Saison 2019 op der Stroos an MTB.

Daag Auerzäit Categorie Trainer
Denschteg 18h00 * MINIMES Sonia & Pascal
CADETS Paul & Pascal
DEBUTANTS Marco & Steve
JUNIORS & MASTERS Steve
Mettwoch 18h00 ** Haalentraining Steve & Jean-Luc
Donneschdeg 18h00 * MTB Jeunes & MINIMES Jean-Luc
DEBUTANTS Marco
Samsteg 14h00 MINIMES Sonia & Pascal
CADETS Paul & Pascal
JUNIORS & MASTERS Steve

* ab 2. Ouschtervakanzwoch ( ->15.04)

** geht nach bis den 3. Abrëll

Den Départ vun all Training ass ëmmer am Préizerdaul um Parking bei der Fabrik.

Fir all weider Informatiounen waat Training betrëfft, rufft de Paul um 621234434 un.

Hometrainersoirée zu Remeleng

Mir waren gudd vertruden ob Hometrainersoirée vum 19/01/2019 zu Remeleng

Allerdengs hat Mia Berg eng stark Konkurenz mam Faber Claire an dem Maes Elise. Hat hued sech gudd geschloen an war 0,7 sec. hannert dem Elise Maes an kennt ob déi 3 Platz. Bei den Master huet de Steve Holzem gewonnen an kennt am Classement générale och ob déi 3 Platz. Et waren och nach dobei den Noah an Numa Holzem.

1 4 5 6 7 8 34