Cyclocross Warken – 16.12.2018

(RTL.lu) Et war ee spannende regionale Cyclocross e Sonndeg zu Waarken. An der Hallschent vun der Elite-Course war et nach e Grupp vu gutt 6 Coureuren, déi ëm d’Victoire gefuer sinn. Mat dobäi de Loïc Hennaux, de Scott Thiltges, de Vincent Dias dos Santos, de Felix Schreiber, den Nicolas Kess an de Lex Reichling. Um Enn konnt sech de Loïc Hennaux d’Victoire sécheren. De Belsch hat op der Arrivée e Virsprong vun 9 Sekonnen op de Scott Thiltges, deen domadder beschte Lëtzebuerger gëtt. Um Podium stoung nach den Nicolas Kess mat engem Réckstand vun 12 Sekonnen. De Vincent Dias Dos Santos huet sech misse mat der 4. Plaz zefridde ginn. Hien ass 39 Sekonnen nom Hennaux iwwert d’Arrivée gefuer.  Op d’Plaze 5, 6 a 7 sinn de Felix Schreiber, de Sören Nissen an de Lex Reichling gefuer.

De Vincent Dias dos Santos bleift am Skoda Cross Cup a Féierung an huet elo nach e Virsprong vu 66 Punkten op de Scott Thiltges. Drëtten ass de Loïc Hennaux.

Bei den Damme war d’Elise Maes déi Séierst a bleift am Skoda Cross Cup souverän a Féierung. Si hat e Virsprong vun 38 Sekonnen op d’Nathalie Lamborelle. Iwwert déi drëtte Plaz konnt sech d’Laetitia Maus freeën.

Bei de Junioren ass de Belsch William Lecerf als éischten iwwert d’Arrivée gefuer. Hien hat no de gutt 40 Minutten e Virsprong vun 1 Minutt a 26 Sekonnen op de Loïc Bettendorf, deen domadder beschte Lëtzebuerger gëtt. De Mik Esser huet de Podium komplettéiert, dat mat engem Retard vun 2 Minutten an 18 Sekonnen.

Bei den Debutanten huet de Mathieu Kockelmann sech op en Neits d’Victoire geséchert. De Coureur, deen dës Saison dominéiert, hat e Virsprong vun 1 Minutt a 26 Sekonnen op den Noé Ury. Um Podium stoung nach den Alexandre Kess op 2 Minutten an 23 Sekonnen.

Bescht Meedche war wéi an de leschte Wochen d’Marie Schreiber.

D’Resultater vun den Tooltime-Coureuren:

31 coureurs au départ

1. Loic HENNAUX 48’22“
5. Felix SCHREIBER 49’09“
7. Lex REICHLING 49’31“
18. Maurice THILL 56’19“
24. Philippe GOESSENS à 1 tour

13 coureurs au départ

1. William LECERF 41’57“
6. Jacques GLOESENER 48’41“
13. Tom HERMES (à 2 tour)

Cyclocross Cessange – 25.11.2018

Dëse Weekend war erem eng nei Manche vum Skodacup an zwar zu Cessange. Op engem schmiereg awer zimmlech drechenem Parcours haaten sech vill Coureuren afond fir em Punkten am Skodacup-Classement ze kämpfen.
Hei sin d’Resultater vun den Tooltime-Coureuren:

43 coureurs au départ

1. Senne DE MEYER 48’46“
5. Felix SCHREIBER +00’27“
7. Lex REICHLING +01’04“
29. Philippe GOESSENS (à 1 tour)
ab. Maurice THILL

14 coureurs au départ

1. Loic BETTENDORFF 37’38“
4. Jacques GLOESENER +01’38“
14. Tom HERMES (à 1 tour)

20 coureurs au départ

1. Matthieu KOCKELMANN 32’18“
18. Caroline REUTER +08’26“ (2e Débutante)

Cyclocross Belvaux – 18.11.2018

Bei guddem kaale Wierder ass de Cross zu Belaval um Galgebierg gefuer gin.
Hei sin d’Resultater vun den Tooltime-Coureuren:

45 coureurs au départ

1. Vincent DIAS DOS SANTOS 51’12“
5. Lex REICHLING 52’30“
18. Maurice THILL 55’32“ (7.espoirs)
29. Philippe GOESSENS (à 1 tour)

11 coureurs au départ

1. Loic BETTENDORFF 38’39“
10. Tom HERMES (à 1 tour)

Cyclocross Dommeldange – 11.11.2018

Endlech war et richtegt Cross-Wierder. De Buedem war naas a schmiereg well et de ganze Weekend gerent huet. De Skoda-Cross Dunmmeldëng haat dofir richtege Cross-Flair.
Hei sin d’Resultater vun den Tooltime-Coureuren:

45 coureurs au départ

1. Vincent DIAS DOS SANTOS 55’39“
3. Felix SCHREIBER +01’18“
5. Lex REICHLING +01’51“
18. Maurice THILL +06’47“ (7.espoirs)
32. Philippe GOESSENS (à 1 tour)

10 coureurs au départ

1. Loic BETTENDORFF 40’23“
6. Jacques GLOESENER +03’24“
8. Philippe REUTER +08:14“
10. Tom HERMES (à 1 tour)

27 coureurs au départ

1. Matthieu KOCKELMANN 33’57“
20. Caroline REUTER +07’01“ (2e Débutante)

Cyclocross Tetange – 04.11.2018

Dëse Sonndeg war Tetange um Programm. Eng gudd Reih vun Tooltime-Coureuren hun eis verloos vir bei aanere Veräiner hier Glëck ze fannen, dofir ass Tooltime-Fraktioun am Cyclocross och mei kleng gin. Ab dësem Weekend sin se dann net méi vir den Tooltime ennerwee an de Velosveräin Tooltime wënscht hinnen alles Guddes op hierem neie Wee.
De Cross zu Téiteng ass och erem wei bis elo op drechenem Ennergrond gefuer gin an et war eng ganz schnell Course. Leider konnt de Felix Schreiber durch Problemer mam Reck net deelhuelen.
Hei sin d’Resultater vun den Tooltime-Coureuren:

39 coureurs au départ

1. Loic HENNAUX 48’23“
7. Lex REICHLING +01’51“
24. Maurice THILL +05’28“ (11.espoirs)
32. Philippe GOESSENS (à 1 tour)

10 coureurs au départ

1. Théo JUNG 38’21“
4. Jacques GLOESENER +00’19“
9. Philippe REUTER +05:13“
10. Tom HERMES (à 1 tour)

23 coureurs au départ

1. Matthieu KOCKELMANN 32’42“
19. Caroline REUTER +07’44“ (2e Débutante)

1 5 6 7 8 9 34