Flèche du Sud 2013

Hei e klenge Résumé vun der Flèche du Sud 2013

Eis Equipe huet bestannen aus de Coureuren : Lex Reichling, Laurent Reichling, Mike Diener, Marc Silverio, Christian Hubers, Jerôme Even

Mir waren mat 6 Coureuren um Départ, wou awer gewost war, dat de Chrisitian nemmen aus Gefaalen geif starten. Hen huet dann och gleich durno obgin.

Ø die 1. Etappe sin den Lex, Mike, Marc, Laurent an Jérôme Ewen vum Velo Woltz ukom. De Jérôme wie och de Laurent waren an eng Chute verweckelt. De Laurent konnt gleich erem fueren, awer dem Jérôme sein Changement war verbeit. Dodurch as hen dann 6’ hannert dem Peloton ukom. Am Peloton waren Lex, Mike, Marc an Laurent
Ø die 2. Etappe sin nach 4 Coureuren gestart. De Laurent huet gepasst weinst der Schoul. Die 4 sin och ukom. Am Peloton waren Lex an Mike. De Marc an den Jérôme goufen ofgehangen, sin awer gud ukom. De Jérôme hat erem dobei Pech. E Kabel vun sengem elektrischen Changement war eraus, sou dat hen net mei konnt schalten.
Ø Die 3. Etappe am Eislek war fattal fir de Marc an de Mike. De Marc gouf am Bourschter ofgehangen an huet beim Ravi obgin. De Mike war dun nach am Peloton, awer seng Batterie vun der Schaltung war defekt, sou dat hien de Velo gewiesselt huet. Hien krut um Schlusscircuit zu Clerf vun engem gesoot he soll obhaalen, wat hen dun leider gemach huet. De Jérôme hat um Ravi seng Miset net kritt an ass dun an d’Atoen komm fir vun eis sein Ravi ze huelen, dorobs hin gouf hen zu Doncols ofgehangen an kaum net mei an de Peloton.
Ø Die 4. Etappe sin mir dun nach mat 2 Coureuren, de Lex an de Jérôme gestart. Zu Bettebourg hat de Jérôme e Platten. He kaum zu Alzeng nach eng keier an Peloton zreck gouf dun awer ofgehangen an huet no enger Chute an der Offahrt Blaschette > Lorentzweiler obgin. De Lex ass um Schlusscircuit zu Zolwer eng ganz gut Course gefuer. Nodems de Peloton ob engem Veloswee durch eng Chute gedeelt gouf, an de Lex am 2. Deel war, huet hen mam Wolter Claude vu Kayl sech aus dem 2. Peloton aus dem Steps gemach an ass mat dem Kirsch Alex vun Leopard ob d’Arrivée kaum.
Ø An der 5. Etappe hatten mir nach just de Lex. Hen huet die Etappe bei ganz schlechtem Wieder gud iwerstaan an as als 42 durch d’Arrivée gefuer. Tip Top Lex.
E gousse Merci gëlt den Helpers, déi de ganze Weekend fir eis Coureuren do waren, besonnesch de Rosch an de Adi fir hier Arbecht beim Transport an dem Ravi. Ouni sie wier et fir de Jacques a mech schweier gewiecht fir eis Jongen ze suegen.

Ouni de Pech vum Mike an dem Jérôme wieren mir mat Secherheet mat weinstens 3 Coureuren zu Esch ukom, an wieren dann déi 1. letzeburger Equipe gin. Sou waren mir elo zum Schluss den Auto nat der Nr. 20 vun 26. Nëmmen den LC Kayl hat den Nr.19, all déi aaner letzeburger Equipen waren méi schlecht drun.
Daat gut Resultat verdanken mir dem Lex, deen als daat ganz grousst Talent hei zu Letzebuerg gëlt, an et ëmmer färdeg brëngt op de Punkt a Form ze kommen.

Ein Kommentar

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.