Hallefzäitbilanz vun de Jeunes Tooltime

Eng kleng Hallefzaitbilanz vun de Jeunes Tooltime no 35 Traininger an 8 Coursen :

Dës Saison hunn mir ganz frei ugefangen eis op déi nei Saison ze preparéieren. De 16 Januar sinn mir déi éischte kéier an Hall gaange, wou mir bis zum 20.03 eng flott Zäit zesummen haten. Ëmsou méi grouss wor dunn awer Freed wou et konnt eraus op de Vëlo goen. Crossstréck wor nach ëmmer net einfach ze fuere, well dat ganzt Waasser aus dem Wanter huet den Training ab an zou an eng Schlammschluecht verwandelt. Dest huet awer dem Spassfaktor net geschued, just dass Papen a Mamen no enger Zait geméngt hun dass elo esou lues awer secher Cross Saison kéint faerdeg sinn. Dat ganz huet sech awer bezuelt gemaach. Mat vill Engagement sinn eis Coureuren op den Training komm an hunn ëmmer hiert bescht ginn. Sinn als Grupp zesumme gewuess, a kennen elo esou lues ufänken hier Friichten ze ernten. Esou dass et leschten Week-end zu Téiteng op der Course mat 5 éischte Platzen, ee super Resultat fir si eraus gesprong ass. Aus der ganzer Dynamik déi an desem Groupp herscht, ass et dann och net ausbliwwen dass den een oder anneren den op den Training schnupperen komm ass hänke bliwwen ass. Wou mir am Ufank mat 5-6 Kanner geschafft hunn, ass et elo esou dassen 18 Kanner op der Lescht ageschriwwe sinn. Dëst mécht et natierlech fir Kanner ëmsou méi flott fir an Grupp ze trainéieren an ze schaffen.

Op dëser Platz wëlle mir awer och nach den Eltere villmools Merci soen déi eis esou gutt ënnerstëtzen an ganz oft op dem Training dobäi sinn fir eng Hand mat unzepaken.

Hei e puer Photo’en 

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.