Nei Tooltime Homepage

Et war elo emol un der Zäit fir eng nei Homepage opzesetzen. Zënter 2005 war eis Säit aktiv an huet just 2008 en klëng Annerung mat engem neien  Template kritt. Leider haat ech als Webmaster ëmmer méi mat Spam a Hacker ze kämpfen, an hunn beschloss fir eng ganz nei Säit opzebauen.

Bis elo war eis Homepage mat Joomla geschriwwen, an datt mat der Versioun 1.0 déi awer zënter e puer Joer net méi ënnerstëtzt get an elo immens Sëcherheetslücken opweist. En Upgrade an Version 1.5 oder 2.5 war baal gléichzesetzen mat eng néier Installatioun. Ech hun décidéiert fir Joomla de Réck ze dréien an elo op WordPress ze setzen.

WordPress ass méi Blog orientéiert an ass och kompatibel mat all de Internet-Browser déi et gin. Och d’Surfen op Smartphones an Tablets ass elo ginn.

Leider sinn e puer Funktiounen elo anescht, oder och net méi do. Zum Beispill ass fir de Moment  de Forum just migréiert sou dass all déi aal Topics iwwerholl sinn. User’en vum Forum mussen sech awer nei régistréieren.

Ech wënschen Iech vill Spaas mat eiser Säit, a freen mech op äre Feedback …

Georges Thill
—–__O
—_\ <,
–(_)/(_)

Ein Kommentar

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.