Race WE zu Dippech 28-29.03.15

Elo ass Saison dann esou richteg lancéiert. Net nëmmen den Training sondern och Coursen hunn erëm ugefangen an fir Mammen an Pappen ass Schluss mat der Langweil den WE. Et UC Dippech huet dann leschten WE op den éischten RDV (Jugend) fir des Saison invitéiert. Vun den Bambi 1 bis bei Elite woren eis Jongen an Meedercher am Ansatz. An dëst duerch aus mat Top Resultater.

Bambi1: Jo dëst Joer ass do den Matt Esser um Start, den hei seng éischt Course souverän gewonnen huet. (och wann hien als enzechen Bambi 1 do wor, huet hien sech super an der Klass vun den Bambi 2 geschloen) weider esou!!!

Bambi2: Keen um Start.

Bambi3: Hei huet Lena Lallemang do ugefaang, wou et lescht Saison ungefangen huet, an zwar ass et 1 Meedchen an senger Kategorie ginn.

Benjamin1: An dëser Kategorie wor Iwwerleeënheet vun den Tooltimer, esou ewéi och schonn lescht Joer ze gesinn. Den Pol (1. Platz) den Pit (2. Platz) an den Rick (3. Platz) hunn hei näischt ubrennen gelooss, an hunn vun Ufank un kloer gemaach dass och des Saison kee Wee un hinnen laanscht geet.

Benjamin2: Och hei kann een behaapten dass eis Coureuren hier Konkurrenz dominéiert hunn. No 7 Tier ass den Fynn (1.Platz) an den Jona (2.Platz) op den 3 plazéierten opgefuer, esou dass déi 2 eng Ronn Avance op hier Konkurrenten haten.

Minimes: Hei hunn mir dëst Joer 7 Coureuren, wou der 5 um Départ woren. 2 Aal Huesen (Marie an den Noé) an awer och 3 Coureuren déi hier éischt Course bei den Minimes gefuer sinn. Ganz grousst Kompliment un den Mika, Caroline an den Luca déi hier Saach méi ewéi gutt gemaach hunn. Wat den Noé an Marie ungeht hunn si sech vun Ufank un direkt an der Spëtz mat festgesat an woren ëmmer present. Wou et dunn an Schlussphase gaangen ass, an Vitesse méi séier ginn ass, konnt Marie Rad vun den Jongen net méi ganz halen. Ass awer trotzdem op eng super 8 Platz gefuer, an domadder 1 Meedchen ginn. An der 2 leschter Kéier konnt dunn een vun den Dippecher Coureuren sech duerch bascht maachen, an den Podium ass dunn am Sprint entscheed ginn. Hei hat den Noé sech clever ugeluecht an sech déi 2 Platz geséchert. (Bravo)

Cadets: Vun Start un ass hei direkt Attackéiert ginn. Am Ufank ass den Impuls vun den Auslänneschen Coureuren komm. Dëst wor awer net vun laanger Dauer. Ab der Mett vun der Course hunn dunn 3 Coureuren probéiert den Führungsgrupp méi kléng ze kréien, hei wor dann och den Loic dobäi. Dëst sollt hinnen dann och geléngen, an esou sinn si dann och an den leschten Tour gefuer. Aus der leschter Kéier eraus hunn dunn e puer Kären gefehlt, awer den Loic huet sech op der super 3 Platz klasséiert. (Bravo) Den Mats, Philippe, Mik an dem Tom woren och mat um Start. Allen 4 hunn sech super geschloen, fir 3 vun hinnen wor et déi éischt Course bei den Cadets. Kompliment un jidereen den den Samsteg um Start wor! Super Leschtung!!!

Teambuilding Daag 28.02

Ewéi schon op der Generalversammlung gesoet sin dann hei Infoen fir den Samsteg. (Teambuilding Daag 2015)

Treffpunkt ass den Samsteg um 10h zu Brouch um Fussball Terrain. (ouni Velo, an mat gudden Schung)

Dest Joer ass et just een Daag 10h bis +- 20h. Dir musst just eppes matbréngen fir Mettes ze Iessen an ze drenken. (Owes ass organiséiert)

Dest Joer soll et jo dann och bessi méi dreschen ginn ewéi lescht Joer, esou dassen mir hoffentlech manner nass an kaal gin.

Macht mir just w.e.g eng kurz Mail op dir dobei sidd, esou kann ech Iessen vir Owes besser organiséieren.

villmols Merci – Laurent Ury – Gsm: 661639075

Sportlereierung vun der Gemeng Préizerdaul

Sportlereierung von der Gemeng Préizerdaul

Sportlereierung von der Gemeng Préizerdaul

De Samsteg 10. Januar war Sportlereierung von der Gemeng Préizerdaul fir all Sportler déi 2014 e Merite opzeweisen haten. Hei sinn d’Laureaten vum Tooltime Préizerdaul:

 

 

 

 

 

Lallemang Lena : Vun 10 Coursen huet hatt der 6 gewonnen an ass domadder Championne bei den Meedecher an der Kategorie Bambi 2 ginn.
Meylender Rick : Vun 10 Coursen huet hien der 4 gewonnen. Den Rick konnt mat 5 Punkten Avance sech den Champions Titel bei den Bambi 3 secheren.
Zoller Pol : Ganz knapp war et bei den Bambi 3, an den Tooltime huet hei dei ganz Saison dominéiert, esou dass den Pol den 2 am Général gemaach huet.
Zoller Pit : Et wor zum Schluss jo awer nach eng Platz op dem Podium, ma och déi wor fir den Tooltime. Esou dass op dem ganzen Podium just Tooltime ze gesinn wor.
Fynn Ury : Och hei kann en just soen dass géint den tooltimer kee Kraut gewues wor. All Course ewou hien un den Start gangen ass huet hien fir sech entscheed, an esou ganz kloer den Champion an der Kat. Benjamin1 gemach.
Reuter Caroline : Caroline mech et ëmmer spannend. Et ass op déi lescht Course unkomm. Esou ewéi lescht Joer huet et an dëser Kategorie un Spannung net gefeelt. Zum Schluss war kloër, Caroline huet et erem faerdeg bruecht a mecht déi 1. Platz am Général
Marie Schreiber : Iwwert d‘ganz Joër huet et sech schon ungekënnegt, dass bei den Meedecher an der Minimes Klass näischt geng laanscht d‘Marie féieren. Esou ass et dann och komm dass Marie ënnert ganz schwéieren Konditiounen den ROUD WAISS BLOEN Trikot an den Daal bruecht huet.
Noé Ury  : Dëst Joer huet d‘Féderatioun dann och fir éischt een XC Cup ausgeschriwwen, wou dei beschten Mountainbiker vun Lëtzebuerg an all Kategorie gesicht ginn sin. Hei konnt den Noé sech trotz enger schwéirer Chute an der leschter Course déi 3 Platz secheren.
Philippe Reuter : Eng gut Saison von him bei den Minimes mat enger Rei gewonnene Coursen
Felix Schreiber : Champion bei de Débutanten am Cyclocross
Larry Valvasori : De bei der WM op der Strooss selektionéiert war
Equipe Tooltime bei der Flèche du SudLuc Turchi; Cristiano Mendes; Mike Diener; Alec Lang an David Claerbout déi all ukomm sin an als Beschte Letzeburger Equipe gewert gi sin
Luc Turchi : Hien war dëst Joer 2 x bei den Espoirs um Championnat um Podium ( CLM: 2 Plaz; an op der Strooss 3 Plaz ) An huet och zousätzlech de Sprong gepackt fir dëst Joër elo ee Kontrakt bei Leopard Developement Team ze kréien. Hien war och op der WM op der Strooss am Asatz
Mountain Bike Coureuren déi den XC-MTB Cup gefuer hunReuter Philippe den 4ten bei den U13; Noe Ury den 3ten bei den U13; Marie Schreiber daat eischt bei U13; Loic Bettendorf  den 3ten bei den U15; Felix Schreiber den 1ten bei den U17; Joé Wirtz den 2ten bei den U19

 

Cyclocross Préizerdaul – Feedback

De Bilan vum Cyclocross ass ganz positiv. Op sportlichen Plang konnte mir dem Publikum flott Coursen weisen wou et e klengen Duel bei der Elite zwischen dem Vincent Dias Dos Santos an dem Luc Turchi ging ass, wo aber de Luc um Enn den 2. Gewënner bliwwen ass. Op de weidere Platzen waren den Lex Reichling (8.), den Alec Lang (10.), den Cristiano Batista (15.) deen durch en technischen Defekt zereck gefall ass, an den Joe Wirtz (22.) . Bei de Junioren huet sech de Gilles Roulling (3. Jun) an de Maurice Thill (9. Jun) gut geschloen. Bei den Debutanten huet de Felix Schreiber souverain gewonnen. Eng gut 4. Platz war fir den Philippe Leclerc.

Trotz der doubler Manifestatioun an der Fabrik (Marche Populär & Cyclocross), konnte mir eisen Cyclocross ouni Pannen durchzeien. Wahrscheinlich dodurch konnte mir eisen Emsatz dëst Joer steigeren a Punkto Verkaaf an Zuschauer.

E grosse Merci un all déi eis deen Daag gehollef hun, beim Catering, als Streckeposten, Buvette, asw, an och déi, all die Wochen virdrun un der Strëck geschafft hun. Merci och un déi puer déi de Meindeg frei geholl hun fir alles erem oofzerappen.

De Comité wënscht un all eis Memberen, Frënn e Sponsoren , schéi Feierdeeg

 

Cyclocross régional 2014 Préizerdaul

Cyclocross 2014 Préizerdaul

De Velosveräin Tooltime Préizerdaul organiséiert den Sonndeg 7. Dezember säin 9. régionalen Cyclo Cross.  Op enger atraktiver Strëck, sinn mir frou dem Public am Préizerdaul eng Course op regionalem an nationalem héichen Niveau ze präsentéieren.

Gefuer ginn Coursen : Juniors/Masters/Dames (14h00) Débutants (14h01) Debutants an Espoirs/Elites um 15h00.

Den Départ ass bei der Fabrik, rue du Pont am Préizerdaul

Brochure Cyclocross 2014 Download  – 6 MB.

Download

Wichteg : Well och eng Marche pédestre déi selwecht Zäit vum Syndicat d’Initialtive organiséiert get, sinn matt Parkproblemer ze rechnen !

–> Parking Coureurs <–

Äddi Rosch

Roger Wirtz

Roger Wirtz

An enger Zäit ewéi haut, sinn vill Saachen net méi selbstverständlech. Vill Mënschen vergiessen och no deenen aneren ze kucken déi ronderëm si liewen. Roger du wors net esou. Du bass mat dengem Jong dem Joé bei eis an den Club komm. Mir hunn dunn net just een Coureur bei kritt sondern och nach een gudden Frënd. Een Mënsch den sech fir näischt ze Schued wor an den ëmmer eng Hand mat ungepackt huet. Oft wors du den éischten do, an den leschten den gaangen ass. Elo bass du net méi do an hues een grousst Lach hannerlooss. Elo ass Zäit komm fir Äddi ze soen.
Roger, MERCI fir alles waats du fir éis gemach hues, mir waerten dech emmer an beschter Erennerung haalen.

Trösten ist eine Kunst des Herzens.
Sie bestehen oft nur darin, liebevoll zu schweigen und schweigendmitzuleiden
OTTO von Leixner

1 25 26 27 28 29 33