Cyclocross régional am Préizerdaul den 8. Dezember

Cyclocross Préizerdaul den 8. Dezember

Cyclocross Préizerdaul den 8. Dezember

De Velosveräin Tooltime Préizerdaul organiséiert den Sonndeg 8. Dezember säin 8. régionalen Cyclo Cross.  Op enger atraktiver Strëck, sinn mir frou dem Public am Préizerdaul eng Course op regionalem an nationalem héichen Niveau ze präsentéieren. Als speziellen Highlight hun mir des Joer mam Laurent Didier, e Profi aus der neier Equipe Trek Factory Racing, um Start.

Gefuer ginn Coursen : Debutants/Dames, Juniors um 14h00  an Espoirs/Elites um 15h00.

Den Départ ass bei der Fabrik, rue du Pont am Préizerdaul

Brochure Cyclocross 2013 Download  – 4 MB.

Download

Jeunes am Asaatz zu Woltz an Saint-Léger

Erfellegsreischen Weekend fir déi jonk Tooltimer.

Den 28-29 September wor een ganz gudden Weekend fir eis jonk Cyclisten. Samstes huet den Club Velowolz op eng flott Course invitéiert.

Hei sinn an den Kategorien vun Bambi1 bis Cadet Coursen mat dem MTB ausgedroen ginn. Op engem selektiven Circuit huet een séier gemierkt dat eis Coureuren sech hei ganz wuel gespiirt hunn. Esou dass dëst sech dann och an den Resultater gespigelt huet. Net een Podium ouni eis Faarwen.

Bambi2:  1.Platz Zoller Pol  / 2. Platz  Zoller Pit  / 4. Platz   Nicolas Seyler   / 5. Platz  Meylender Rick

Bambi 3: 1. Platz  Fynn Ury

Benjamin 1:  5. Platz.  Caroline Reuter ( 1. Meedchen)

Benjamin2.  3. Platz Noé Ury   4. Platz  Marie Schreiber  (1. Meedchen)

Sonndes wor dunn eng Course zu Saint-Léger wou et genau esou weider gaangen ass. An den Kategorien Minimes 1 an och Minimes 2 sinn eis Faarwen ganz gutt vertrueden ginn. Den Phillipe Reuter ass eng super Course gefuer bei den Minimes 2 an et huet sech am Schlusssprint mussen entscheeden. Et ass dann op e puer cm net duer gaangen, esou dass den Philippe op déi super 2 Platz komm ass. Hannendrun huet den Noé Ury an och Marie Schreiber awer ëmmer Drock gemaach, esou dass et dem Noé gelongen ass am 3 leschten Tour bei den Führungs Tri bei ze fueren. Dëst huet awer esou vill Kären kascht dass et dunn an der entscheedender Phase net méi duer gaangen ass fir dobäi ze bleiwen, esou dass den Noé op eng 4. Platz komm ass an Marie als 1 Meedchen op eng super 6 Platz.

Bei den Minimes 1 ass et och direkt schnell lass gangen esou dass den Fynn Ury schnell een Lach op seng Konkurenten hat. Iwwert dauer vun der Course huet hin et dann och faerdeg bruecht dess Avance emmer méi auszebauen esou dass hien solo op éi 1 Platz konnt fueren. An desser Course wor och Caroline Reuter mat um Départ. Caroline ass och héi ganz souverän op déi 1 Platz bei den Meedecher gefuer

Eng Rei Photo’en sin geschwenn am Photosalbum ze fannen

Training am Wanter

 

Hei sin eis Kollektiv-Trainingszäiten iwwer de ganze Wanter :

Haalentraining :  ab Mittwoch 09.10.2013 all Woch (18h00 Sporthaal am Préizerdaul)

Cyclocrosstraining :  ab Donneschdeg 26.09.2013 all Woch (17h00 Parking bei der Fabrik am Préizerdaul)

Samstegtraining : all Samsteg (13h30 Parking bei der Fabrik am Préizerdaul)

VTT-Training fir Minimes : 19.10 Préizerdaul, 26.10 Bissen , 9.11 Préizerdaul, 16.11 Bambesch, 23.11 Bissen, 30.11 Préizerdaul, 7.12 bambesch, 14.12 Bissen (ëmmer um 9h45)

Bilan vum Festival Cycliste zu Ell

Mir hunn et allt erem gepackt eng flott an intressant Manifestatioun ze bidden ouni dass engem vun den Coureuren Eppes geschitt ass.. Dëst ass awer och den Verdengscht vun deenen Streckeposten déi während deenen 2 Deeg Course dofir gesuergt hunn dass dat soll esou bleiwen. Deenen Leit, déi op engem vun deenen villen Autoen a Motoen gefuer sinn och ee grousse Merci. ( Clubautoen; Voiture ouvreuse; voiture balai, Commissäiren an eis Motoriéder ) . Op dësem Wee ee ganz grousse Merci un all déi Fräiwëlleg déi Eppes dozou bäigedroen hunn dass mer eis Manifestatioun konnten ofhaalen

Awer och ee grousse Merci un den Godelet Camille deen um Mikro fir Stëmmung suergt an de ganzen Dag d’Leit matt Informatiounen iwwert Coureuren versuergt.Dem Steichen Claude deen dofir verantwortlech ass dass den Camille iwwerhaapt kann Informtiounen un Zuschauer weiderginn ( Beschallung + Technik ). Dann eiser Pärel am Secretariat dem Lynn Kayser dat an Zwëschenzäit d’Secrétariat praktësch aléng schmäisst an och a Stresssituatiounen net panikéiert an trotzdem matt jidderengem fein bleift. Dem Jipi fir Organisatioun vun der Dammecourse an natierlech dem ganze Recht vum Comité.

Dann net ze vergiéssen all deenen Commissäiren déi während 2 Deeg op der Streck ënnerwee sinn oder um Camion hier Aarbecht verriechten sou dass d’Coureuren iwwerhaapt kënnen hier Coursen fueren

Da waren awer och nach Coureuren fir eis Equipe um Start, och déi soll een natierlech net vergiéssen!

Course Minimes:

Reuter Philippe 13 Plaz;

Weber Joé 21 ( éischt Course )

Course Cadets :

Felix Schreiber 1 Plaz. De Felix huet erem näischt ubrenne gelos a rem direkt vum Départ un attackéiert. Et huet sech ee Grupp vun 4 Leit gebild an den Felix huet den Sprint gewonnen. Sou einfach ass et!! Super Course Felix.

Leclerc Philippe 9 Plaz;

Wolmering Kenny Neal 11 Plaz;

Mara Turchi huet bei den Meedecher gewonnen. Super esou Mara.

Course Débutants:

Weyrich Maxime eng gutt 8te Plaz;

Thill Maurice 15 Plaz;

Prickaerts Sam 17 Plaz;

Roulling Gilles huet opgehaalen wéint Krankheet

Course Dames: leider keng Dame um Départ déi ware matt der Nationaléquipe ënnerwee

Course Juniors:

Luc Turchi 2 Plaz. Eng ganz flott Course wou sech um Enn 2 Leit ofgesat hunn an zwar den spéideren Gewënner Tom Wirtgen an den Luc. Hei ass et beim Luc em 5 cm net duer gaangen am Sprint em déi éischt Plaz. Mir wënschen dem Luc nach vill Erfolëg fir Course an der Schwäiz ( Rueblyland ) an natierlech fir d’WM zu Florenz J.

Larry Valvasory ass op enger gudder 8 Plaz geland;

Wirtz Joé 29 Plaz;

Buijk Yann 35 Plaz.

Course Elites/U23:

Reichling Lex 14 Plaz General an 4Plaz U23

Fritsch Sven 21 Plaz General 9 Plaz U23

Hübsch Michel 22 Plaz General 10 Plaz U23

Lang Alec 41 Plaz General 14 Plaz U23

Olinger Marc 42 Plaz

Reichling Laurent huet opgehaalen

 

Am CLM  gueff et ganz gutt Resultater vum

Luc Turchi 2 Plaz Juniors

Larry Valvasory 3 Plaz Juniors

Wirtz Jacques 6 Plaz Masters

Röhmer Mike 9 Plaz Elites

Sou dëst soll ee klengen oder och grousse Bilan vun deenen 2 Deeg Course sinn an och ee grousse Merci un all eis Volontairen

Bis hoffentlech déi nächst Manifestatioun an zwar den 8 Décember Cyclo-Cross am Daul

1 28 29 30 31 32 33