Cross-Duathlon zu Bieles

Den éischten RDV vun der néier Saison 2014 huet sech ungekennecht. Den Cross Duathlon vun dem CAB (Bieles) ass ëmmer eng flott Geleeënheet fir een éischten Formtest ze maachen, an esou ze kucken ewéi mir iwwert den Wanter geschafft hunn.

Am ganzen waren 10 Athleten vum VV Tooltime un dem Start. Stréck wor net déi einfachst well et awer an der leschter Zait vill gereent hat.
Dat huet eis Jongen an Meedercher awer net gestéiert, an Sie hunn gewissen wat si drop hunn.

Cross-Duathlon Bieles

Cross-Duathlon Bieles

Resultat wor dass den Fynn Ury seng Kategorie gewonnen huet, an den Rick Meylander hei op eng super drëtten Platz gefuer ass. An der Kategorie vun den Kids A (Meedercher) woren  et dann och erëm 2 Tooltimer déi um Podium stoungen. Caroline Reuter op der éischter Platz an Marie Schreiber op der 3 Platz. An der selwechter Kategorie ass et bei den Jongen dann den Noé Ury den op déi gutt 3 Platz komm ass.

An der nexter Kategorie ewou den Niveau ganz héisch wor, huet den Phillipe Reuter et mat enger super Course faerdeg bruecht op déi dretten Platz ze fueren, direkt op der ondankbarer 4 Platz dann den Loic Bettendorf. Hien kann sech awer déi schnellsten Veloszait opschréiwen.
An och alleguer déi aner Athleten woren super Ënnerwee. Esou dass wann een den Bilan kuckt een sech op déi nei Saison kann frehen.

All wieder Fotoen sinn am Album ze tannen

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.