Sint-Joris-Weert

Course Débutants Sint-Joris-Weert

Course Débutants Sint-Joris-Weert

D’Débutant’en waren de Samsteg 26.04 zu Sint-Joris-Weert (B) am Asaatz. Ze fueren waren 66km (10X6.6). Um Start waren 69 Coureuren. Op zimmlech flachem Parcour mat enger klenger Montée am Pavé ass keng Echappé fortkomm an et ass zu engem Massesprint komm. Hei konnt de Felix Schreiber eng excellent 3. Plaatz erausfueren. De Gilles Roulling war och gut plazéiert an ass de 7. gin. De Sam Prickaerts ass an der leschter Kéier durch eng Chute behënnert gin an ass zéitgleich den 34. gin. De Maurice Thill ass op 3 Minuten den 45. gin. Hien ass an der 8 Ronn lachéiert gin an dun erausgeholl gin. De Philippe Leclerc huet missten an der 4. Ronn lassloossen an ass als DNF klasséiert gin.

Och ze erwähnen ass dass de Felix an der 3 Ronn e Sprint gewonnen huett mat der Virarbecht vum Maurice, esou och de Gilles deen e Intermediaire Sprint mat der Heellef vum Felix gewonnen huet.

20140426 – Sint Joris Weert

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.