Tooltime

Cyclocross Brouch – 04.10.2020

(rtl.lu) E Sonndeg war zu Brouch deen éischten offizielle Cyclocross vun dëser Saison gefuer ginn.

D’Form vum Vincent DIAS DOS SANTOS war haut guer net um Rendezvous. Am éischten Tour war hien net wéit hannert der Spëtzt, duerno ass hien ëmmer méi no hannen gerëtscht esou dass de Vainqueur vum leschte Joer hei zu Brouch um Enn nëmmen de 15te gouf.

Ganz séier sinn de Scott THILTGES an de Lex REICHLING dëse schwéiere physeschen an technesche Cross ugaangen. An deene 4 éischten Tier hu si sech un der Spëtzt ofgewiesselt, kee vun hinne konnt sech awer ofsetzen an doriwwer eraus huet d’Gefor permanent hannert hinne gelauert. Als éischt huet den Alzenger misse lass loossen an d’Konkurrenz zéie loossen. Wéi gewinnt huet hie bis zum Schluss gekämpft, méi wéi déi 7te Plaz war de Mëtteg fir hien net dran. E bëssen aanescht onse Champion.

De Préizerdauler huet einfach net labber gelooss an ass laang am roude Beräich gefuer. Bis an de 7ten Tour louch den Lex REICHLING un der Spëtzt a séngem Raad déi 2 Fransouse Victor THOMAS an Hugo BOULANGER. Dëst 2 hunn dem Lëtzebuerger alles ofverlaangt esou dass hien am Agang vum 2t leschten Tour dëst 2 huet missen zéie loossen. Onzefridde war de Lex REICHLING op der Arrivée mat senger 5.ter Plaz op 30 Sekonnen awer net.

Déi 2 Fransousen hunn deemno d’Victoire ënnert sech ausgemaach. Op deene leschte Metere war de Victor THOMAS dé stäerksten 2 Sekonne virum Hugo BOULANGER deen de beschten Espoir gouf.

Hei d’Resultaer vun de Tooltime Coureuren :

31 coureurs au départ

1. Victor THOMAS 50’14“
5. Lex REICHLING +0’31“
17. Felix SCHREIBER +5’11“
19. Alec LANG +5’21“

25 coureurs au départ

1. Mario MATIJEVIC 42’01“
25. Pascal FRANSISSI à 2 tours

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.