Cyclocross Brouch – 29.09.2019

(RTL.lu) Um Sonndeg war den Optakt vun der neier Saison am Cyclocross zu Brouch. Op d’Plazen zwee an dräi sinn de Belsch Loïc Hennaux an de Scott Thiltges gefuer. 

Mat ënner anerem Reichling, Thiltges an Hennaux waren direkt e puer Leit um Depart, déi fir d’Victoire an Fro komm sinn. Och de jonken Tristan Parrotta, dee sech déi lescht Woch schonn a gudder Form presentéiert hat, misst een op der Rechnung hunn.

De beschte Start an d’Course hat de Scott Thilgtes an hie konnt direkt am Ufank d’Féierung iwwerhuelen.

Thiltges, Reichling, Hennaux sou ass et duerch déi 2 éischt Tier gaangen. Zu dësem Moment konnt sech de Parrotta, dee méi weit hanne gestart war, Positioun fir Positioun no vir kämpfen.

Am drëtten Tour huet sech den Lex Reichling kuerz un d’Spëtzt gesat, dat virum engem ganz staarken Tristan Parrotta an dem Scott Thiltges. Nëmmen een Tour méi spéit huet de 20 Joer ale Coureur vun der UC Dippech seng Géigner hannert sech gelooss a vun deem Moment un d’Course ugefouert, woubäi de Lex Reichling bis op déi 3. Platz zeréckgefall ass. Dat virun allem well hie sech op dem technesch immens schwéiere Parcours net richteg zurecht fonnt huet.

Un der Spëtzt konnt den Tristan Parrotta seng Avance Tour fir Tour ausbauen. 2 Tier viru Schluss war de Virsprong souguer op iwwer 20 Sekonne geklommen.

Dëse konnt hien op eng impressionnant Manéier souguer nach bis op 36 Sekonnen ausbauen a sou gewënnt hie verdéngt dësen éischten offizielle Cross vun der Saison. Hannert him kommen de Loïc Hennaux op déi zweete Platz an de Scott Thiltges komplettéiert de Podium.

Hei d’Resultater vun den Tooltime Coureuren: 

33 coureurs au départ

1. Tristan PARROTTA 49’28“
4. Lex REICHLING 50’46“
7. Felix SCHREIBER 52’20“
17. Maurice THILL 55’34“
23. Alec LANG à 1 tour

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.