UrbanCross Reckange – 21.09.2019

(RTL.lu) Den 29.09 fänkt d’Cyclo-Cross-Championnat un an am Virfeld gouf zu Reckeng fir den Optakt een Night Cross duerch d’Duerf organiséiert. 

Ee Cross matten am Duerf an dat owes – eppes ganz Spezielles. Dës Formule gesäit een an der lescht ëmmer méi dacks a verschiddene Länner, elo huet och de Lëtzebuerger Vëlossport esou een Event.

D’Coureuren hu sech op deem technesche Parcours net geschount an an der Course vun den Espoir/Elite sinn déi vill Spectateuren op hir Käschte komm. Ufanks hat sech ee Grupp mat ënner anerem dem Champion Vincent Dias dos Santos, dem Alzenger Scott Thiltges an dem Espoir-Coureur Tristan Parotta ofgesat.

D’Positiounen hunn am Laf vun der Course permanent geännert an op dem Circuit gouf et nëmme ganz wéineg Plazen, wou een d’Méiglechkeet hat, ze iwwerhuelen. Den Tristan Pattoa an de Scott Thiltges hunn et am Laf vun den Tier ëmmer erëm fäerdegbruecht den dos Santos e puer Sekonnen ofzeknäppen. Den Téitenger huet déi Lächer awer ëmmer nees zougefuer – och fir de Parcours-Designer Claude Michely awer den éischten Test gutt.

Am leschten Tour war d’Spannung um absoluten Héichpunkt, ma de Lëtzebuerger Champion huet seng ganz Routine ausgespillt a war den entscheedenden Ament un 1. Positioun, fir bis op d’Ligne d’Arrivée näischt méi ubrennen ze loossen.

Alles an allem war et e ganz flotten Owend zu Reckeng mat begeeschterte Cyclisten a Spectateuren. Eng interessant Formule fir d’Zukunft vun där d’Vëlosfederatioun an de Lëtzebuerger Vëlossport nëmme profitéiere kann.

Hei Platzeierung vun den Tooltime Coureuren :

20 coureurs au départ

1. Vincent DIAS DOS SANTOS 52’32“
4. Lex REICHLING 54’21“
7. Maurice THILL 56’40“
14. Philippe GOESSENS (à 1 tour)

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.