Cyclocross int. Contern – 27.10.2019

(RTL.lu) Aerts wënnt, Thiltges gëtt de beschte Lëtzebuerg

Bei der Elite konnt sech den Thijs Aerts no 10 Ronnen duerchsetzen. De Belsch, deee vum 3. Tour un eleng un der Spëtzt loung an hat um Enn eng Avance vu 34 Sekonnen op de Joshua Dubau (Fransous). Um Podium stoung nach den Andreas Goerman aus der Belsch. Beschte Lëtzebuerger gouf de Scott Thiltges als 20. Hien hat ee Retard vun 3 Minutten a 36 Sekonnen op de Vainqueur.

Shirin van Anrooij heescht d‘Gewënnerin vun der internationaler Dammecourse. Déi 17 Joer jonk Hollännerin hat sech direkt nom Depart vun der Course un d‘Spëtzt gesat an ass do eng souverän Course gefuer.Mat engem Retard vun 1 Minutt a 24 Sekonnen ass d’Weltmeeschterin vun 2016, d‘Thalita de Jong déi 2. ginn.

Bescht Lëtzebuergerin gouf d’Marie Schreiber als 7. a soumat ass si och déi Éischten am Skoda Cross Cup.

Bei de Juniore war d’Course um Sonndeg fest a franséischer Hand. Als Éischten ass den Noé Castille iwwert de wäisse Stréch gefuer. Hien hat e Virsprong vun 23 respektiv 26 Sekonnen op den Ugo Ananie an de Pierrick Burnet. Beschte Lëtzebuerger war de Mats Wenzel als 11ten, hie bleift Leader am Skoda Cross Cup.

De Mathieu Kockelmann huet sech och beim 5. Cyclocross vun dëser Saison hei am Land bei den Debutanten d’Victoire geséchert. De Lëtzebuerger Champion hat e Virsprong vun iwwer 2 Minutten op de Mats Berns an den Noa Berton.

Bescht Meedche war d’Liv Wenzel virum Margot Marasco (Fr) an dem Anouk Schmitz. No der 2. Manche vum Skoda Cross Cup leien de Mathieu Kockelmann an d’Liv Wenzel a Féierung.

Hei sin Resultater vun den Tooltime-Coureuren :

73 coureurs au départ

1. Thyis AERTS 1.05’39“
24. Lex REICHLING +4’17“ (2. Letzeboier)
37. Felix SCHREIBER à 2 tours
67. Alec LANG à 7 tours

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.