Cyclocross Rumelange – 20.10.2019

(RTL.lu) Keng Chance fir d’Lëtzebuerger bei Victoire vum Loïc Hennaux
Bei richtegem Cyclocross Wieder ass e Sonndeg zu Rëmeleng déi éischt Manche vum Skoda Cross Cup gefuer ginn.

Bei der Elite war de Loïc Hennaux e Sonndeg fir d’Lëtzebuerger Cyclocross-Fuerer ze staark. De Belsch huet zu Rëmeleng déi 1. Manche vum Skoda Cross Cup an dëser Saison gewonnen. Op d’Plazen zwee an dräi sinn de Fransous Victor Thomas an de Lëtzebuerger Scott Thiltges gefuer. Den Hennaux war d’lescht Joer deen Zweeten am Skoda Cross Cup ginn.

De Lëtzebuerger Champion Vincent Dias Dos Santos an den Tristan Parrotta haten direkt am Ufank vun der Course e Platten, doduerch hate si näischt méi mam Ausgang vun der Course ze dinn. Fir den Dias Dos Santos war et um Enn déi 13. Plaz a fir de Parrotta déi 10.
Bei de Junioren huet de Mats Wenzel sech d’Victoire geséchert. Um Podium stoungen nach de Belsch Geoffrey Rausch an de Lëtzebuerger Alexandre Kess.

Mathieu Kockelmann heescht de Gewënner bei den Debutanten. Hien huet sech virum Noa Berton an dem Mil Morang duerchgesat.

Bei den Damme war d’Marie Schreiber virum Elise Maes an dem Nina Berton déi Stäerkst.
De Raphael Pierron war de Beschte bei de Masters. Dat virum Mario Matijevic an dem Guillaume Schaeffler. Als 4. war de Serge Bertemes dee beschte Lëtzebuerger.

Resultater vun den Tooltime Coureuren:

38 coureurs au départ

1. Loic HENNEUX 56’13“
11. Lex REICHLING 59’29“
12. Jacques GLOESENER 59’35“
16. Felix SCHREIBER 01:00’59“
23. Maurice THILL 01:02’35“
26. Philippe GOESSENS à 1 tour
33. Tom HERMES à 2 tours
ab. Alec LANG

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.