Cyclocross Kayl – 17.10.2020

(rtl.lu) Zu Keel stoung e Samschdeg dee regionale Cyclocross um Programm.

Bei der Elite- an Espoircourse waren eng 50 Coureuren um Depart. D’Konkurrenz fir d’Lëtzebuerger Coureure koum aus der Belsch an aus Frankräich, wou jo den Ament wéinst der sanitärer Situatioun net vill Coursse gefuer ginn.

An déi Konkurrenz zitt den Niveau vun de regionale Crossen hei am Land am Moment zolidd an d’Luucht. Beim Keeler Cross ass e gudden Depart wichteg fir an deene kniwwelege Bëschpassagen eng gutt Positioun ze hunn. Am Beschte war de Belsch Thomas Verheyen fortkomm. De Vainqueur vum Dippecher Cross de leschte Weekend gehéiert zu den Top-Amateure bei eisen Noperen a stoung d’Lescht Joer um Podium vum belschen Amateur-Championnat. 3 Stonnen am Auto fir op den Depart an der nees 3 fir nees heem hëlt de Verheyen a kaf, fir eng Kompetitioun kënnen ze fueren.

Hannert dem Verheyen huet sech am 2. Tour de Scott Thiltges op der 2. Plaz festgebass a konnt den Ecart géint dee staarke Géigner an den éischten Tier op Ronn 15 Sekonne stabiliséieren. De Champion Lex Reichleng konnt dee Rhythmus net matgoen a gouf vun engem Grupp vu Fransousen a Belsch agefaangen, fir um Enn 7. ze ginn. D’Ecarten op dee Grupp goufen awer ëmmer méi grouss, sou datt Verheyen an Thiltges op den zwou éischte Plazen ni a Gefor waren.

No 50 Minutte Course konnt de Verheyen d’Ärem hiewen a sech feiere loossen. De Scott Thiltges ass mat bësse méi wei enger Minutt Retard iwwer d’Linn gefuer. Och de jonke Mats Wentzel an den Eric Meyers sinn eng gutt Course gefuer a klasséiere sech an deem staarke Peloton op de Plazen 10 an 11. No 2 Woche Paus soll et dann am November mam Téitenger Cross wieder goen.

D’Resultater vun de Tooltime Coureuren

48 coureurs au départ

1. Thomas VERHEYEN 50’10“
6. Lex REICHLING +1’57“
18. Felix SCHREIBER +4’44“
29. Alec LANG à 1 tour
37. Maurice THILL à 1 tour

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.