Lex Reichling kréint sech mam Championstitel

(RTL.lu) Um Krounebierg zu Miersch goufen e Samschdeg déi nei Lëtzebuerger Champione gesicht. Bei der Dammen Elite huet d’Christine Majerus näischt ubrenne gelooss.

An hei gouf et bei der Hären Elite eng Victoire fir de Lex Reichling. Den Coureur vum Tooltime Préizerdaul konnt sech virum Alzenger Scott Thiltges behaapten. Als 3. ass iwwerdeems den Téitenger Vincent Dias dos Santos iwwer d’Ligne d’Arrivée gefuer

De Lex Reichling hat an der Mëtt vun der Course déi decisiv Attack gesat. Hien ass sech du séier eng Avance vu gutt 20 Sekonnen erausgefuer an huet dës vun Tour zu Tour ëmmer weider ausgebaut, fir sech d’Victoire mat enger Avance vun iwwer 1 Minutt souverän ze sécheren. Et ass den 1. Championstitel fir hien an och deen 1. bei der Elite fir säi Veräin den Tooltime Préizerdaul.

Video

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*

Diese Website verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre mehr darüber, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden.