Course Etape Arden Challenge 11-15 avril

De Velosverain Tooltime huet mat enger Equipe un Arden-Challenge vun 11-15. Abrëll mattgemach. Hei sin d’Resultater vun den Tooltime-Coureuren:


1ère étape à Rachamps  125 km  ( 165 partants)
places :  62 Mike DIENER
             64 Rik KARIER
             76  Maxime WEYRICH
             (92 coureurs classés)
             Abondants: Cristiano MENDES et Raphael SCHWEITZER
2ème étape à Rouvroy  123 Km  (170 partants)
places:   85 Rik KARIER
             86 Maxime WEYRICH
             88 Mike DIENER
             101 Raphael SCHWEITZER
             (140 coureurs classés)
3ème étape EREZEE  116 km  (160 partants)
places:   68 Mike DIENER
             73 Raphael SCHWEITZER
             75 Maxime WEYRICH
             (85 coureurs classés)
             Abondant: Rik KARIER
4ème étape CHAUMONT 114 km  ( 172 partants)
 places:   48 Maxime WEYRICH
              52 Mike DIENER
              73 Raphael SCHWEITZER
              (97 coureurs classés)
              Rik KARIER abondant suite à une crevaison
              Abondants: Philippe SCHMIT et Dean WEYER

5ème étape  CHINY   131 Km   (  175 partants )
places:  49 Rik KARIER
            54 Maxime WEYRICH
            64 Mike DIENER
            70 Raphael SCHWEITZER
            91 Philippe SCHMIT
            Abondant: Tim DIDERICH suite à un bris de sa selle
            (123 coureurs à l’arrivée)

Äddi Jeannot

Mir kënnen et einfach net verstoen. Jeannot, du hues eis verloos.

Du wars fir eis e Virbild, an matt denger Art a Weis, wei’s du dëngem Veräin gehollef hues, dëngem onermiddlechem Asaatz hues du déin Tooltime ëmmer zesummegehalen. Deng Iddeen a Projet’en hun aus dem Tooltime e Verain gemach wou Frënnschaft grous geschriwwen ass.

Jeannot Kayser

Jeannot Kayser

Du wars fir eis Coureuren wei e Papp. Sie all hun probéiert, daat emzesetzen was du hinnen virgelieft hues. Dorrobber kanns du stolz sin, well du alleng hues all eise Jongen a Meedercher op d’Erfolegsspuer vun dëngem Sport gefouert. Deng Trainingen zesummen iwwer all déi Joeren,  all déi Kilometer déi mir zesummen eroofgespult hun, waren net emsoss. Du hues eise Coureuren gewisen waat alles mat Diziplin an Motivatioun ze errechen ass.  Dëng Coureuren wärten  alles dru setzen fir dir daat weider ze beweisen !

Jeannot, elo bass du net méi do, du fehls eis.

Elo ass Zäit komm fir Äddi ze soen.

Jeannot, MERCI fir alles was du fir eis gemaach hues. Mir wärten dech nie vergiessen an ëmmer a Beschter Errënnerung behalen.

Aeddi

Cyclocross Championnat Kayl – 13.01.2018

Hei e klenge Lagebericht vun de nationale Championnater am Cyclocross zu Kayl, wou sech all eis Coureuren top geschloen hun an 2 Nationale Titelen feiere konnten. Den Philippe Reuter, Champion bei den Debutants an de Felix Schreiber, Champion bei den Espoirs.

 Philippe Reuter an Felix Schreiber

Philippe Reuter an Felix Schreiber

Bei den Débutants, konnt sech de Philippe Reuter am eischten Tour zesummen mam Jérôme a mam Alex oofsetzen. Schon no kurzer Zäit huet hien de Jérôme iwerholl an as um Schluss vum éischten Tour huet och laanscht den Alex gefuer. Vun do un huet hien d’Course ganz kloer dominéiert an huet säin Virsprong bis op iwwer eng Minute ausgedehnt, an sech souveraine de Championstitel gesëchert. Felicitatioun !

Bei de Junioren, haat de Jacques Gloesener, direkt am eischten Tour Pech, an huet an der Wieselzone wertvoll Zäit verluer bis hien op sein 2. Velo konnt wieselen. Hien huet dobei vill Platze verluer an huet sech lues a lues erem eropgeschafft a war op der 5. Plaatz bis hien am leschten Tour platt gin ass. Hien huet eng gudd Course gefuer trotz dem ville Pech. Den Tom Hermes konnt seng Course zu Enn fueren, wat op dem schweieren Terrain eng gudd Leschtung ass.

Bei der Elites/Espoirs huet de Lex Reichling och gleich am 1. Tour de Velo gewieselt an dobei och 2,3 Plaatzen verluer. De Felix Schreiber lung beim 1. Passage ob der 7 Platz. An der 2. Ronn hun de Felix an de Lex Course ugefouert. De Vincent Dias Dos Santos an den Scott Tiiltges lungen ob 3,4. Platz. De Lex huet dunn missen beim Felix lass loossen, sou dass de Felix eleng vir un der Course lung, gefolegt dun vum Soeren Nissen dem Vincent, Lex an dem Scott. No etwa 1/2 Course lung den Soeren eleng an der Verfolgung vum Felix an huet ob de Felix 2 Ronnen virun Schluss ob de Felix obgeschloss. An der leschter Ronn huet de Soeren sech am Besch vum Felix ofgesat. An der Wiss konnt de Felix awer kurz obschleissen; huet dun awer eh sie ob Strooss koumen e klengen Fehler gemach, wou bei hien de Kontakt zum Soeren verluer huet.  Fir den Titel bei den Espoirs war de Felix zu kengem Moment an der Course a Bedrängnis vun dem 2., dem Misch Leyder. E scheinen nationalen Titel fir den Felix Schreiber. Felicitatioun !

De Lex Reichling, dee nach an de Schoulexamen ass, huet sei Bescht gin, huet sech zum Schluss am Scott Thiltges an Vincent Dias Dos Santos fir eng Plaatz 4 geklappt. Zum Schluss ass eng 6. Plaatz erauskomm.

De Maurice Thill huet eng gutt konstant Course gefuer an ass op eng gudd 15 Plaatz komm. De Ben Philippe hatt Problemer mat dem ville Bulli an huet sech als 17. klasseiert. Als 20. ass den Alec Lang iwert Ziel gefuer. Hien deen vum September, durch seng Studien a Schottland, net mei um Velo sutz huet sech gudd geschloen. Och de Philippe Goessens huet Ziel gesinn an ass de 25. ginn. Net esou gut ass et fir de James Bindels gangen, den direkt am eischten Tour gefall ass an esou vill Zäit verluer huet. Genau wei den Kevin Disteldorff sollten sie d’Arrivée net gesin.

wort.lu  rtl.lu

 

 

Cylocross Alzëng – 07.01.2017

Nom internationale Cyclocross zu Péiteng wou Wierderkonditioune eng Katastrophe war, war de Cyclocross zu Alzëng erem op normale Crosswierder gefuer gin an daat hun eis Coureuren mat gudde Resultater souveräin ennerstrach an esou bewisen dass d’Form fir Championnater zu Kayl stëmmt. Bei de Debutanten huet de Philippe Reuter gewonnen an bei der Elite ass Victoire no enger spannender Course un de Felix Schreiber gangen. VIDEO op RTL
Hei sin d’Resultater vun den Tooltime-Coureuren:

38 coureurs au départ

1. Felix SCHREIBER 52’37“
6. Lex REICHLING +00’33“
16. James BINDELS +03’36“
23. Ben PHILIPPE +06’49“
24. Maurice THILL +07’24“
33. Alec LANG +11’43“
34. Philippe GOESSENS à 1 tour

15 coureurs au départ

6. Jacques GLOESENER +02’37“
15. Tom HERMES à 1 tour

25 coureurs au départ

1. Philippe REUTER 28’46“

1 7 8 9 10 11 33