Cyclocross Mersch – 06.10.2018

Och bei summerlechen Temperaturen ass de Cyclocross zu Miersch, organiséiert vum UC Dippech gefuer gin. Gewonnen huet bei bei der Elite den Luc Turchi knapp virum Lex Reichling.

Hei sin d’Resultater vun den Tooltime-Coureuren:

38 coureurs au départ

1. Luc TURCHI 52’10“
2. Lex REICHLING +00’14“
11. Felix SCHREIBER +02’46“ (5. Espoirs)
26. Ben PHILIPPE à 1 tour
31. James BINDELS à 1 tour
33. Maurice THILL à 1 tour
34. Philippe GOESSENS à 1 tour

16 coureurs au départ

1. Loic BETTENDORFF 41’54“
4. Jacques GLOESENER +02’02“
15. Tom HERMES à 2 tours

25 coureurs au départ

1. Matthieu KOCKELMANN 32’17“
17. Michel CLEES +05’41“
25. Nina ROMMES à 1 tour

Cyclocross Brouch – 30.09.2018

Bei ganz scheinem a warem Wierder ass dem eischte Laaf vun der nationaler Cross-Saison zu Brouch gefuer gin. Ab elo get all Weekend gefuer, an daat bis Mëtt Januar. Vill Coureuren vum Tooltime waren um Start

Hei sin d’Resultater vun den Tooltime-Coureuren:

38 coureurs au départ

1. Vincent DIAS DOS SANTOS 00:48:15
5. Felix SCHREIBER 00:48:50 (2. Espoirs)
6. Lex REICHLING 00:48:55
18. Maurice THILL 00:53:28 (7. Espoirs)
32. Kevin DISTELDORFF à 1 tour (11. Espoirs)
34. Philippe GOESSENS à 1 tour

16 coureurs au départ

1. Loic BETTENDORFF 00:41:30
8. Jacques GLOESENER 00:45:30
14. Philippe REUTER 00:49:42
16. Tom HERMES à 1 tour

29 coureurs au départ

1. Matthieu KOCKELMANN 00:30:46
19. Caroline REUTER 00:37:21 (2. Débutante)
22. Michel CLEES 00:38:16
27. Nina ROMMES à 1 tour (4. Débutante)

Championnat MTB XCO um Holleschbierg

Um Championnat am MTB XCO zu Hesper um Holleschbierg, ass als Gewënner bei den Espoire den Felix Schreiber (VV Tooltime) ervir gangen, säi Chrono louch um Enn bei 1 Stonn 38 Minutten an 39 Sekonnen. 2. gouf zu Hesper den Noah Fries (LC Téiteng) op 5 Minutten 28 Sekonnen hannert dem Felix. Eng 3. Plaz um Podium war fir den Eric Gleis (Vëlosfrënn Gusty Bruch)

Championnats nationaux en ligne zu Réiden

Samsteg waren Minimes, Cadets an Débutants um Rendez-vous. Bei de Minimes haate mir gudd Performance op dem vir Minimes ganz schweier Parcours virzeweisen. De Nicolas Seyler huet eng excellent Course gemach an ass de gudden 2. Gin. De Misch Gergen ass den 10 an Lisi Schmitz eng gudd 21 Plaatz kritt.

Bei de Cadets huet d’Caroline Reuter huet eng 2. Plaatz on domadder eng Selwermédaille bei de Meedercher verdingt.
De Gilles Cless ass den 12 gin.
D’Course bei den Débutants sollt et fir de Philippe Reuter net esou gut goen. Hien ass kurz nom Start gefall. Sei Schung war futti a konnt net mei richteg an Pedall drecken. De Philipp ass trotzdem nach bei de Peloton komm mee huet dun am birgop lass geloos. Trotz senger Chute a Blesuren um Been ass hien awer seng Course ferdeg gefuer als 14. De Jason Scholtus ass op eng respektabel 18 Plaatz gefuer.

Sonndeg ass et dun bei den Dames, Junioren an bei der Elite em den Titel gangen. D’Course vun den Espoiren huet net fir den Championstitel gezielt. Hei ass den Titel schon 2 Wochen virdrun um 3Lännerchampionnat zu Unna verdeelt gin.

Bei de Dames konnt Mia Berg sech eng 8. Plaatz erausfueren an um Podium bei den Espoirs (f) eng Bronzemédaille secheren.
Course vun de Junioren huet de Jacques Gloesener eng excellent 4. Plaatz gemach. Den Tom Hermes ass den 15 gin.

Bei der Elite, wou de Mike Diener war krank an huet sech kurzfristeg oofgemellt, ass et eng schnell an schweier Course gin. Hei konnt de Maurice Thill an Maxime Weyrich an eng eischte Echappé goen vun 8 Leit déi awer dun vum Gruppe Bob Jungels, wou de Felix Schreiber, Tim Diederich an Lex Reichling drann waren agefangen gin ass. Ganz séier ass de Gruppe ausernee gefall an et hun sech e puer Gruppe gebild. Bis zum Schluss konnten sech den Tim a de Lex haalen. Sie waren am direkten Verfolgergrupp vum Bob Jungels. Den Tim Diederich as excellente 3 an de Lex Reichling 4. vun der Course gin, an den Tim konnt sech dodurch de Championstrikot bei den Elites sans Contrat secheren, Félicitations . De Lex krut Selwermédaille. Vir de Ben Philippe ass et op e puer Meter net duer gangen, an huet sech dei 4 Plaatz gesechert. Op de weider Platzen waren de Philippe Schmit (14) , Philippe Goessens (23) . An der Course vun den Espoiren ass de Felix Schreiber 3 gin. Op de weider Platzen waren de Maxime Weyrich (6), Maurice Thill (11).

 

Tageblatt - 20180702

Tageblatt – 20180702

Um Start waren op der Course en ligne : Nicolas Seyler, Gergen Misch, Schmitz Lisi (Minimes), Caroline Reuter, Gilles Clees (Cadets), Philippe Reuter, Jason Scholtus (Debutants), Jacques Gloesener, Tom Hermes (Juniors), Mia Berg (Dames), James Bindels, Scott Hubert, Maxime Weyrich, Felix Schreiber, Maurice Thill (Espoirs), Tim Diederich, Lex Reichling, Ben Philippe, Philipe Goessens, Philippe Schmit (Elites)

Championnats nationaux CLM zu Réiden

CLM Podium Elites 2018

CLM Podium Elites 2018

Et ass lass gangen de Donneschteg mat dem CLM. Hei ware mir gudd vertrueden an haten vill Platzen um Podium virzeweisen. Dei den Debutants Dames ass Aurélie Nesser daat 3 gin. Bei de Espoirs Dames ass Mia Berg en 3. Plaatz gefuer.
Dei der Elite ass kee Wee laanscht eis gangen.
1. Plaatz an Champion den Tim Diederich, 2.Plaatz fir de Mike Diener an 3 Plaatz fir den Ben Philippe.

Um Start waren op der Course CLM : James Bindels (Espoirs), Philippe Gloesener (Juniors), Tim Diederich, Mike Diener, Ben Philippe (Elites), Mia Berg (Dames), Nesser Aurélie, Clees Michel (Débutants) an Aly Schartz (Masters)

Trophy Jeunes Tooltime 28. Abrëll 2018

Den Tooltime Préizerdaul organiséiert den

Samsteg 28. Abrëll 2018 séin

Trophy Jeunes Tooltime 2018 

Op eiser flotter MTB Stëck hannert der Fabrik sin et Jugend-Coureuren (lizenzéiert an net-lizenzéiert) Joergäng (2008-2012)

déi ab 15h00 mam MTB Course fueren

Bambi1 (2012 – ca. 7mins) 

Bambi2 (2011 – ca. 8mins)

Bambi3 (2010 – ca. 10mins)

Benjamin1 (2009 – ca. 12mins)

Benjamin2 (2008 – ca. 15mins)

Inscription ass vun 13h30 un / Fir Iessen a Gedrënks ass gesuergt

Den Départ ass beim Centre Culturel „Op der Fabrik“ L-8606 Préizerdaul

Flyer Trophy Jeunes 2018

1 6 7 8 9 10 33