Trainingszäiten 2019

Hei sin dei nei Trainingszäiten fir Saison 2019 op der Stroos an MTB.

Daag Auerzäit Categorie Trainer
Denschteg 18h00 * MINIMES Sonia & Pascal
CADETS Paul & Pascal
DEBUTANTS Marco & Steve
JUNIORS & MASTERS Steve
Mettwoch 18h00 ** Haalentraining Steve & Jean-Luc
Donneschdeg 18h00 * MTB Jeunes & MINIMES Jean-Luc
DEBUTANTS Marco
Samsteg 14h00 MINIMES Sonia & Pascal
CADETS Paul & Pascal
JUNIORS & MASTERS Steve

* ab 2. Ouschtervakanzwoch ( ->15.04)

** geht nach bis den 3. Abrëll

Den Départ vun all Training ass ëmmer am Préizerdaul um Parking bei der Fabrik.

Fir all weider Informatiounen waat Training betrëfft, rufft de Paul um 621234434 un.

Hometrainersoirée zu Remeleng

Mir waren gudd vertruden ob Hometrainersoirée vum 19/01/2019 zu Remeleng

Allerdengs hat Mia Berg eng stark Konkurenz mam Faber Claire an dem Maes Elise. Hat hued sech gudd geschloen an war 0,7 sec. hannert dem Elise Maes an kennt ob déi 3 Platz. Bei den Master huet de Steve Holzem gewonnen an kennt am Classement générale och ob déi 3 Platz. Et waren och nach dobei den Noah an Numa Holzem.

Cyclocross Warken – 16.12.2018

(RTL.lu) Et war ee spannende regionale Cyclocross e Sonndeg zu Waarken. An der Hallschent vun der Elite-Course war et nach e Grupp vu gutt 6 Coureuren, déi ëm d’Victoire gefuer sinn. Mat dobäi de Loïc Hennaux, de Scott Thiltges, de Vincent Dias dos Santos, de Felix Schreiber, den Nicolas Kess an de Lex Reichling. Um Enn konnt sech de Loïc Hennaux d’Victoire sécheren. De Belsch hat op der Arrivée e Virsprong vun 9 Sekonnen op de Scott Thiltges, deen domadder beschte Lëtzebuerger gëtt. Um Podium stoung nach den Nicolas Kess mat engem Réckstand vun 12 Sekonnen. De Vincent Dias Dos Santos huet sech misse mat der 4. Plaz zefridde ginn. Hien ass 39 Sekonnen nom Hennaux iwwert d’Arrivée gefuer.  Op d’Plaze 5, 6 a 7 sinn de Felix Schreiber, de Sören Nissen an de Lex Reichling gefuer.

De Vincent Dias dos Santos bleift am Skoda Cross Cup a Féierung an huet elo nach e Virsprong vu 66 Punkten op de Scott Thiltges. Drëtten ass de Loïc Hennaux.

Bei den Damme war d’Elise Maes déi Séierst a bleift am Skoda Cross Cup souverän a Féierung. Si hat e Virsprong vun 38 Sekonnen op d’Nathalie Lamborelle. Iwwert déi drëtte Plaz konnt sech d’Laetitia Maus freeën.

Bei de Junioren ass de Belsch William Lecerf als éischten iwwert d’Arrivée gefuer. Hien hat no de gutt 40 Minutten e Virsprong vun 1 Minutt a 26 Sekonnen op de Loïc Bettendorf, deen domadder beschte Lëtzebuerger gëtt. De Mik Esser huet de Podium komplettéiert, dat mat engem Retard vun 2 Minutten an 18 Sekonnen.

Bei den Debutanten huet de Mathieu Kockelmann sech op en Neits d’Victoire geséchert. De Coureur, deen dës Saison dominéiert, hat e Virsprong vun 1 Minutt a 26 Sekonnen op den Noé Ury. Um Podium stoung nach den Alexandre Kess op 2 Minutten an 23 Sekonnen.

Bescht Meedche war wéi an de leschte Wochen d’Marie Schreiber.

D’Resultater vun den Tooltime-Coureuren:

31 coureurs au départ

1. Loic HENNAUX 48’22“
5. Felix SCHREIBER 49’09“
7. Lex REICHLING 49’31“
18. Maurice THILL 56’19“
24. Philippe GOESSENS à 1 tour

13 coureurs au départ

1. William LECERF 41’57“
6. Jacques GLOESENER 48’41“
13. Tom HERMES (à 2 tour)

Cyclocross Cessange – 25.11.2018

Dëse Weekend war erem eng nei Manche vum Skodacup an zwar zu Cessange. Op engem schmiereg awer zimmlech drechenem Parcours haaten sech vill Coureuren afond fir em Punkten am Skodacup-Classement ze kämpfen.
Hei sin d’Resultater vun den Tooltime-Coureuren:

43 coureurs au départ

1. Senne DE MEYER 48’46“
5. Felix SCHREIBER +00’27“
7. Lex REICHLING +01’04“
29. Philippe GOESSENS (à 1 tour)
ab. Maurice THILL

14 coureurs au départ

1. Loic BETTENDORFF 37’38“
4. Jacques GLOESENER +01’38“
14. Tom HERMES (à 1 tour)

20 coureurs au départ

1. Matthieu KOCKELMANN 32’18“
18. Caroline REUTER +08’26“ (2e Débutante)

1 4 5 6 7 8 33